Luxuriéis AkafsstroossStater Philippsgaass - e Magnéit fir Luxusmarken

Ryck Thill
Lëtzebuerg huet e grousse Pouvoir d'achat an dat zitt vill bekannte Luxusmarken un.
Stater Philippsgaass - e Magnéit fir Luxusmarken
Lëtzebuerg huet e grousse Pouvoir d’Achat an dat zitt vill bekannte Luxusmarken un

Lëtzebuerg huet e grousse Pouvoir d’achat an dat zitt vill bekannte Luxusmarken un. Iwwert déi lescht Joren hu sech ëmmer méi international Enseignen, déi fir hir “Haut de gamme"-Produite bekannt sinn, an der Stad etabléiert. Dës Marke fënnt een haut virop an der Philippsgaass.

D’Philippsgaass steet haut fir Luxus. Quasi all déi grouss franséisch an italieenesch Designer sinn hei present. Déi lescht Joren huet sech d’Akafsstrooss verännert, constatéiert d’Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Si gesäit déi Entwécklung awer éischter positiv. “Mir sinn op jidder Fall frou, datt en alleguerten déi Geschäfter hei sinn, well dat bréngt eng gewësse Clientèle. Dat ass en Haut de gamme, wat vill Leit unzitt”, seet d’Mireille Rahmé-Bley, Presidentin UCVL.

De Robert Goeres ass President vun der Eenzelhandelsfederatioun a Commerçant. Seng Butteker si spezialiséiert op Schwäizer Auere vu renomméierte Marken. Virun zwanzeg Joer huet d’Entwécklung vun der Philippsgaass als Luxusakafsstrooss ugefaangen, erënnert sech de Geschäftsmann. “2006 si mir fir d’éischt an d’Philippsgaass komm. Do hu mer zesumme mat engem anere Buttek Evenementer organiséiert, wou sech lues a lues aner Commerçanten drugehaangen hunn a wou dono och international Marke gesot hunn, ‘tiens, do gëtt eng Musek gespillt, do wëlle mer och gären dobäi sinn’.”

De Robert Goeres gleeft un d’Stad. Zejoert huet hien dräi Projete realiséiert. En neien Auerenatelier, en neien Auerebuttek an ee Geschäft gouf komplett renovéiert an ass elo nei opgaangen. Um Enn wier et awer de Client, deen decidéiert, ob déi Offeren ugeholl ginn. Net just Lëtzebuerger Clienten, ma aus der ganzer Groussregioun.

Lëtzebuerg hat sech jo d’Zil gesat, fir den Akafszenter vun der Groussregioun ze ginn. Do wär een um gudde Wee, seet de Robert Goeres: ”Mir kreéieren doduerch och eng bestëmmte Jalousie a gleeft mer, déi Stied ronderëm eis, wéi Metz, wéi Nanzeg, wéi Tréier, wéi souguer Saarbrécken a Saarlouis, déi wéilten dat doten och gäre kënnen hunn.”

Um Enn ass et awer de Mix, deen et ausmécht, ob eng Stad fir d’Clienten attraktiv ass, seet d’Presidentin vun der Union commerciale, Luxusbutteker a Chaînen aus dem Mëttel- an Niddregpräissegment musse sech d’Wo halen.

Back to Top
CIM LOGO