Legend Boucles BastogneZuschauerin bei Accident an der Belsch ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg koum et bei der "Legend Boucles Bastogne" zu engem Accident mat déidleche Suitten.
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

Dëse Weekend gouf ronderëm Baaschtnech an der Belsch de Rallye “Legend Boucles Bastogne” gefuer. Um Sonndeg de Moie koum et zu engem trageschen Accident an der Gemeng Houffalize, bei deem eng Zuschauerin ëm d’Liewe komm ass.

E Rallyeauto war vun der Streck ofkomm an ass e Feld geroden, an deem Zuschauer stoungen. Éischten Informatiounen no war dat eng Plaz, wou och Zuschauer hunn dierfe stoen. Wéi den Organisateur vum Rallye matdeelt, hat de Chauffer vum Auto wuel d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. D’Rettungsdéngschter vum Rallye selwer sinn direkt op d’Plaz gefuer an hunn nach probéiert d’Fra ze reaniméieren, allerdéngs ouni Succès.

Den Organisator huet de Rallye dann och direkt nom Accident ofgebrach.

Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn vum Accident klären.

Back to Top
CIM LOGO