
An engem Zoo am Oste vun England ass en dräi Joer aalt Kand an de Beräich, an deem d'Krokodille gehale ginn, gefall. En 30 Joer ale Mann ass an deem Zesummenhang wéinst dem "Verdacht vun engem versichte Mord" festgeholl ginn, esou d'Police vu Cambridgeshire en Donneschdeg. De Jong vun dräi Joer wier schwéier blesséiert, säin Zoustand wier awer stabil.
D'Police ass net drop agaangen, wéi d'Blessure vum Jong entstane sinn an ob se vun engem vun den Déiere stamen. Aktuell gi se och dovunner aus, datt de Mann an d'Kand sech net kannt hunn.
Weider Detailer zum Virfall am Zoo nordwestlech vu Cambridge gouf et net. D'Ermëttler erhoffe sech weider Informatiounen duerch Zeien.