Nofollger nach net bekanntDe Buergermeeschter vun Ell Henri Rasqué demissionéiert

Claude Zeimetz
Den Henri Rasqué wier, op RTL-Nofro hin, amgaangen, säi Schreiwes vun der Demissioun un de Grand-Duc ze verfaassen.
Den Henri Rasqué leet säin Amt als Buergermeeschter vun der Gemeng Ell néier

De Buergermeeschter vun Ell demissionéiert. Den Henri Rasqué huet eis, op Nofro hin, confirméiert, datt hien amgaang ass, säin Demissiounsschreiwes un de Grand-Duc ze verfaassen.

Als Grond nennt den Eller Gemengepapp, datt him de Pensum ze vill gi wier. Hien hätt Krämpes gehat, dat Berufflecht a seng gemengepolitesch Verantwortung ënner een Hutt ze kréien.

Wéini d’Demissioun offiziell aktéiert gëtt, ass bis elo nach net gewosst. Och net, wien säi Successeur gëtt. Éischte Schäffe vun Ell ass de Kim Müller.

Back to Top
CIM LOGO