Zanter 18 Auer sëtzen déi Europäesch Staats-a Regierungscheffen beieneen. Normalerweis waren d'Diskussiounen ënnert dem Rotspresident Antonio Costa ëmmer op een Dag ugesat, dës Kéier sinn et der zwee, et stellt ee sech also op ee richtege Verhandlungsmarathon zu Bréissel an.
An éischter Linn stinn Diskussiounen mat an iwwer d'Ukrain un: Den Ukrainesche President Selenskyi ass och perséinlech dobäi, fir sech mat sengen europäesche Partner iwwer néi Kredit-Finanzéierungen austauschen. Do kann ee dovun ausgoen, datt een an dësem Punkt viru kënnt. Dat och well vun Ungarn wuel keng Blockade méi ze erwaarden ass, elo wou den neien Ungaresche Premier Peter Magyar an net méi de Viktor Orban Ungarn vertrëtt. Iwwer de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'EU soll sech dann och ausgetosch ginn.
Vill thematiséiert gouf jo och an de leschten Deeg d'Tatsaach, datt de Rotspresident Antonio Costa de Kontakt mam Kreml gesicht huet. Eppes wat et esou zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich nach net op deem Niveau ginn ass. Domat gëtt och mat der EU-Linn vu bis elo, nämlech net mat Russland ze schwätzen, gebrach. Dozou seet de Lëtzebuerger Regierungschef Luc Frieden bei senger Arrivée um Sommet dat hei: "Éier een mat Russland schwätzt, muss een natierlech eng gemeinsam Positioun hunn. Et geet jo net nëmmen drëm, ob den Här oder d'Madamm X oder Y am Numm vun Europa mat Russland schwätzt. Do muss een, fir d'éischt, eis Positioun fir méiglech Negociatiounen nach eng Kéier definéieren. Ech mengen nach net, datt mer op deem Stadium sinn. Datt deen een oder anere wëllt eng Kommunikatiouns-Linn opbauen, dat stéiert mech net fundamental. Mir waren doriwwer net informéiert. Mee Negociatioune sinn dat sécherlech net. An déi muss een och fir d'éischt gutt preparéieren."

Gëschter hunn d'USA an den Iran ee Kader-Accord ënnerschriwwen. All Accord, deen de Krich op en Enn bréngt, géif ee begréissen, esou de Premier. "Den Accord ass ze begréissen, datt et elo e Waffestëllstand gëtt, datt et eng Roadmap gëtt fir déi nächst zwee Méint, iwwert wat geschwat gëtt. An et ass selbstverständlech fir eis relevant, datt den Iran keng Atomwaffe soll kréien. Dat ass net eréischt zënter elo eis Positioun. Dat war ëmmer eis Positioun. A mir hunn natierlech och en Interêt drun, datt aus där Regioun erëm Energie kënnt, datt Düngemëttel kommen an datt d'Präisser sech erëm stabiliséieren an erof ginn."
Op d'Fro hin, wéi Lëtzebuerg sech dann kéint am Noen Osten u Friddensinitiativen bedeelegen, gëtt de Premier zou, datt d'Mëttel vum Grand-Duché limitéiert sinn. Et kéint ee sech awer mat Satellitte-Kapazitéite nëtzlech maachen, mee dat missten och Militär-Experten jugéieren.
Bei engem Owesiessen diskutéieren déi 27 Staats-a Regierungscheffen iwwer, wéi et offiziell heescht, "makroekonomesch Inegalitéiten". Hannert de Kulissen heescht dat awer, datt ee konkret iwwer nei Pisten diskutéiere well, fir ze kucken, wéi een den Handelsdefizit mat China reduzéiere kann, dat wéinst onfairen Handelspraktike vu Beijing.
Et wier wichteg, datt ee gutt Relatioune mat de Partner ronderëm d'Welt hätt, esou de Luc Frieden. Mee d'Interesse vun Europa, och an der Industrie misste weider protegéiert bleiwen. "Duerfir muss ee mat alle Partner an der Welt schwätzen an ëmmer kucken, datt ee fairen Handel huet. Wann et Desequilibere ginn, da muss een déi op eng respektvoll Aart a Weis uschwätzen a kucken, ob ee Moossname mécht, fir deen een oder anere Produit esou ze encadréieren, datt et net zu Aarbechtsplaze-Verloschter an Europa kënnt. An dat ass eise Wee, net nëmme vis-à -vis vu China, mee och vis-à -vis vun aneren Handelspartner."
Zu gudder Lescht soll dann och iwwer de Budget diskutéiert ginn, deen der EU vun 2028-2034 zur Verfügung gestallt gëtt. Do leien d'Vuë vun de Länner deels wäit auserneen, den Antonio Costa huet sech dat ambitiéist Zil ginn, bis Enn des Joers do een Accord ze fannen. Fir de Luc Frieden wier et wichteg, eng Balance ze fannen. Budgeten wieren ëmmer schwiereg, Europa misst a wichtege Beräicher wéi Fuerschung a Kompetitivitéit viru kommen a sech och duerfir déi néideg Moyenen ginn. Zur selwechter Zäit wieren Sujeten wéi d'Agrarpolitik awer och wichteg, esou nach de Premier.