Medie beruffe sech op Autopsie11 Joer aalt Lyhanna war viru sengem Doud vergewaltegt ginn

AFP
D’Lyhanna gouf nom sengem Verschwannen dout an engem Silo fonnt. Elo confirméiert d'Autopsie eng Vergewaltegung.
© AFP

Déi 11 Joer al Schülerin war de 4. Juni am Departement Gers dout fonnt ginn. Elo huet d'Autopsie confirméiert, datt d'Lyhanna vergewaltegt gouf. Déi Informatioune krut d'AFP vun enger Source, déi no un den Ermëttlungen ass. D'Agence France Presse konnt domadder och eng Informatioun, déi BFMTV hat, confirméieren.

D'Läich vum Meedche war an engem ale Siloe zu Puycasquier fonnt ginn. Zanterhier lafen déi forensesch Ermëttlungen. D'Autopsie leeft awer nach weider, well d'Ursaache vum Doud nach net kloer sinn.

Am Fokus vun den Ermëttlunge steet den 41 Joer ale Familljepapp Jérôme Barella, géint deen eng Enquête wéinst "Entféierung" an "Festhale vun engem Mannerjäregen ënner 15 Joer" leeft.

Datt de Haaptverdächtege scho virdru wéinst méi Fäll vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner am Viséier vun der Justiz war, huet a Frankräich fir Opreegung gesuergt. Dës Revelatioune stäerken d'Kritik um Justizsystem a werfen d'Fro op, firwat dëse Mann nach op fräiem Fouss war.

Back to Top
CIM LOGO