
Fir ze verstoen, wat d’Aufgabe vun “Democrats Abroad” sinn, misst een als éischt wëssen. wéi d’Demokratesch Partei opgebaut ass. Virop wieren déi meescht Leit, déi sech an den USA als Demokrate bezeechnen, net Member vun der Demokratescher Partei, mä géife bei Walen fir de Kandidat vun dëser Partei stëmmen. D’Partei selwer géif iwwerdeems aus 57 Deel-Organisatioune bestoen, vun deenen der 50 aus den eenzele Bundesstaate stamen. “D’Democrats Abroad” vertrieden dobäi alleguer d’Demokraten, déi weder an den USA nach an engem vun den US-Territoire liewen. All US-Bierger, dee baussent den USA an den Territoire lieft, kann “Democrats Abroad” bäitrieden. “Democrats Abroad” funktionéiert am Weesentlechen ewéi eng vun den Demokratesche Parteien aus de 50 Bundesstaaten. Déi eenzeg Ausnam wier, dass kee vun hire Membere fir e politescht Amt an den USA untrëtt, ma si géifen awer mat doru schaffen, dass demokratesch Kandidaten an den USA gewielt ginn.
Wann et drëms geet, den typeschen Demokrat ze beschreiwen, sou wier dat aktuell zimmlech schwéier. D’Demokratesch Partei géif sech zanter ville Joren als eng grouss “Tent-Party” bezeechnen, also als eng Partei, an där Leit mat ville verschiddenen Usiichten e politescht Doheem kënne fannen - änlech ewéi eng vun de groussen europäesche Volleksparteien.
Et géifen awer zwou wichteg Usiichte ginn, déi all d’Demokraten an den USA deelen. Déi éischt wier e Glawen dorun, dass all Mënsch gläichwäerteg ass, an dass deementspriechend jiddereen d’Rescht drop huet, respektéiert ze ginn a seng Dreem ze verfollegen. Ausserdeem géif dat mat sech bréngen, dass all Mënsch gläich virum Gesetz wier. Déi zweet Usiicht wier, dass de Staat déi néideg Konditiounen dofir schafe kéint, dass jidderee seng Ziler an enger Gesellschaft kéint erreechen.
Wann et ëm d’Walen, de 5. November geet, wieren “d’Democrats Abroad” zimmlech optimistesch. Dat besonnesch nodeems d’Kamala Harris als Presidentschaftskandidatin nominéiert gouf. Et wier een duerchaus houfereg op dat, wat den Joe Biden wärend senger Amtszäit fäerdegbruecht hätt, ma gläichzäiteg géif ee sech driwwer freeën, dass d’Kamala Harris an den Tim Walz vill nei Energie an Iddie géife matbréngen. No der Nominatioun vun der Kamala Harris hätt ee gemierkt, dass vill nei Leit sech an der Partei respektiv am Walkampf géifen engagéieren. Et géif ee vun enger demokratescher Victoire de 5. November ausgoen.
De 5. November géif et virop och ëm e Choix fir oder géint d’Demokratie goen. D’Amerikaner misste sech tëscht enger Kandidatin decidéieren, déi fir demokratesch Prinzippie géif astoen an engem Kandidat, dee kloer gewisen hätt, dass en dës Prinzippie géif veruechten.
Wat konkret politesch Sujeten ugeet, déi d’Leit an hirem Alldag beschäftegen, wieren der zwee besonnesch wichteg, Een dovu wier d’Recht op Ofdreiwung, dat duerch eng Decisioun vum Supreme Court annuléiert gi wier. D’Kamala Harris an den Tim Walz wéilten den Amerikaner dëst Recht zeréckginn. En anere Sujet géif dem Will Bakker dann och perséinlech um Häerz leien. D’Kamala Harris hätt nämlech annoncéiert, dass si wéilt sécherstellen, dass d’Käschten déi ufalen, wann eeler Familljememberen doheem gefleegt ginn, vum Staat iwwerholl ginn. Dat géif d’Famillje vun dëse Leit finanziell a mental enorm entlaaschten.
Wat d’Bezéiung tëscht den USA an Europa betrëfft, hätt de Will Bakker eegenen Aussoen no wärend senger Zäit hei zu Lëtzebuerg gemierkt, dass déi transatlantesch Partnerschaft de Lëtzebuerger, awer och den aneren Europäer, vill géif bedeiten. Ausserdeem wier him opgefall, dass dem Donald Trump seng Presidentschaft Spuere bei den europäesche Partner hannerlooss hätt. Wärend véier Joer hätt d’Trump-Administratioun d’Vertrauen dës Partnerschaft ënnergruewen an och wärend dem aktuelle Walkampf, hätten den Donald Trump an och déi meescht Republikaner ëmmer nees ugedeit, dass een d’Hëllef fir d’Ukrain an d’Ënnerstëtzung vun den Alliéierte bannent der NATO zeréckfueren oder esouguer stoppe sollt. Fir d’transatlantesch Partnerschaft, déi wichteg fir déi global Uerdnung wier, géif et deemno nëmmen ee Choix ginn: D’Kamala Harris hätt ëmmer nees betount, wéi wichteg si dës Partnerschaft consideréiert.
Wat déi republikanesch Partei am Allgemenge betrëfft, sou wier et bannent de leschte Joren zu engem Wandel vun dëser komm. Et wier scho wärend de leschten honnert Joer de Fall gewiescht, dass een als Member vun der Republikanescher Partei huet missen domat averstane sinn, dass aner Parteimemberen intolerant géigeniwwer aneren Amerikaner wieren. Dës Intoleranz wier ëmmer present gewiescht, och wa se net ëmmer dominant gewiescht wier. Ma wärend de leschte Jore wier se de Mainstream bannent der Partei ginn. D’Partei hätt sech ëmmer méi a Richtung vun der Extrême droite entwéckelt a wier ëmmer méi ënner Kontroll vum Donald Trump a senger Clique geroden.
Egal ewéi d’Walen an den USA ausginn, wéilt ee bei den Democrats Abroad, no enger kuerzer Paus, och an Zukunft versichen, d’politesch Decisiounen an den USA, den eegene Virstellungen no, ze beaflossen.
