
Mir hei an Europa gesinn an éischter Linn awer de ganzen transatlantesche Volet.
Do geet et ëm Abber-Milliarde schwéier Handelsrelatiounen a besonnesch och ëm d’Sécherheetsfro. Stéchwuert militäresche Bäistand via d’NATO.
Den Trump huet ëmmer nees gesot, dass hien d’Europäer am Ree stoe léisst, wann déi net genuch fir d’eegen Défense ausginn a sech léiwer gemittlech ënnert dem US-Präbbeli wëlle sécher fillen. D’USA géifen eng NATO wäit manner brauchen, wéi Europa.
D’Kamala Harris hat sech dogéint bei de Festivitéite fir d'75 Joer vun der nordatlantescher Allianz kloer hannert d’NATO gestallt.
D’Europäer si sech awer, egal wien d’Soen zu Washington kritt, bewosst ginn, dass militäresch Efforten néideg sinn. D’EU-Kommissioun chiffréiert den zousätzleche Besoin fir d’Défense vu Europa op 500 Milliarden Euro an den nächsten 10 Joer.
Et wier ee Feeler wann den ale Kontinent mordicus mengt, Europa géif am Fokus vun der amerikanescher Aussepolitik stoen. D’Amerikaner gesinn do éischter d’Rivalitéit mat China.
Wann een Aussepolitik seet, denken d’Europäer direkt un d’Ukrain. Den Trump kënnt mat der Menace, Kiew net méi finanziell ze hëllefen. Och dem Donald Trump seng affichéiert Sympathie fir de Vladimir Putin léisst Zweiwel opkommen.
Och am Fall Noen Oste gesäit ee mat enger Kamala Harris méi kloer, wéi mat engem Donald Trump. Dee bretzt sech domadder, dës zwee grouss Kricher bannent Stonnen op en Enn ze bréngen.
D’Harris weist sech am Dossier Ukrain relativ bedeckt. Am Noen Osten ass si fir d’Zwee-Staate-Léisung
Beim Commerce wäert ënnert Trump 2.0 “America first” stoen. D’EU seet sech do awer preparéiert.
Da wär nach de Sujet Klima. Dat war beim éischte Mandat Trump eent vun de primären Affer.