
Iwwert d’Virwale ginn d’Kandidate fir d’Presidentschaftswal bestëmmt. Dës Virwale ginn an alle 50 Bundesstaaten duerchgefouert. Déi éischt vun de Republikaner waren elo am Iowa, wou den Donald Trump déi gréissten Zoustëmmung krut.

D’Virwale si fir den Erausfuerderer ëmmer méi wichteg wéi fir d’Partei, déi de President stellt. An de leschte Joerzéngten ass den amtéierende President ëmmer matgaangen, fir en zweet Mandat ze kréien. Insgesamt dierf e President nëmmen eng Kéier zeréckgewielt ginn, d’Mandat ass op 2 Amtszäite begrenzt.
Et gëtt zwou Aarte vu Virwalen an den USA. Déi sougenannte Primaries an d’Caucuses.
D’Primaries sinn eng direkt Wiel, wou d’Supporter vun enger Partei (closed primaries) oder all déi registréiert Wieler (open primaries) de Kandidat kënne bestëmmen.
Déi sougenannte Caucuses si Versammlungen, wou d’Parteimemberen diskutéieren an dann de Kandidat fir hir Partei bestëmmen.
Anescht wéi zum Beispill an Däitschland (Kandidat fir Bundeskanzler) oder och Lëtzebuerg (Kandidat fir Premier) huet an den USA och e groussen Deel vun der Populatioun d’Méiglechkeet, bei der Wiel vun de Kandidaten e Wuert matzeschwätzen.
An den USA gëtt de President all 4 Joer gewielt. Dës Wal ass eng indirekt, d’Wieler bestëmmen de sougenannten Electoral College, dëse wielt spéider de President an de Vizepresident. D’Partei mat de meeschte Sëtz am Electoral College kann esou hire Kandidat zum President wielen.
Ugangs vum Joer sinn d’Virwalen. Op engem Parteidag (national convention) ginn d’Kandidaten offiziell nominéiert. Um Waldag gëtt dann den Electoral College gewielt, d’Walmänner, déi de 5. November 2024 gewielt ginn, decidéieren dann, wie President gëtt. De Walgewënner gëtt de 6. Januar offiziell annoncéiert, éier den 20. Januar 2025 de President säin Amt kann untrieden.
Bei de Republikaner sinn déi wichtegst Kandidaten den Donald Trump, de Ron DeSantis an d’Nikki Haley. Den Donald Trump huet als fréiere President déi wuel beschte Kaarten, fir eng 3. Kandidatur vun de Republikaner ze gewannen. De Ron DeSantis ass Gouverneur a Florida an ee vun de Newcomer an der republikanescher Partei. Am Bundesstaat Florida setzt hien eng konservativ Politik duerch. D’Nikki Haley ass fréier UN-Ambassadrice a si war déi éischt bekannte Politikerin, déi annoncéiert huet, géint den Trump an d’Course ze goen.

Och wa vill Amerikaner den Joe Biden de Moment net méi wëllen als President hunn, esou ass hie bei den Demokraten dee Kandidat, deen déi gréisste Chancen huet, am November unzetrieden. Grouss Konkurrenz huet hie bis dato och net. Mat der Marianne Williamson huet hie wuel eng Géigekandidatin, mä hir Chancë si quasi inexistent. Och dem Dean Phillips seng Chancë ginn als ganz geréng ugesinn, hie sëtzt fir d’Demokraten am Kongress a kënnt aus dem Minnesota. Och aner Kandidate kéinten nach bei den Demokraten an d’Course eraklammen.
Den Neveu vum John F. Kennedy, de Robert F. Kennedy Jr, wollt och géint de Biden untrieden. De bekennenden Impfgéigner setzt sech elo awer als onofhängege Kandidat op.