Urban Art BiennaleWeltkulturierwe Völklinger Hütte dëst Joer Hotspot vun der Urban-Art-Zeen

Sandy Elsen
Am Kader vun der Urban Art Biennale, déi sech zanter hirer 1. Editioun 2011 zu enger vun de weltwäit gréissten Ausstellunge entwéckelt huet, kann een sech an der Völklinger Hütte eng ganz Rei Wierker vu verschiddenen Artisten ukucke goen.
D'Völklinger Hütte verwandelt sech an den Hotspot vun der Urban Art Zeen.

Dëst Joer läit de Fokus op der Völklinger Hütte an op Aarbechten, déi speziell fir dës Plaz gemaach gi sinn.

Kënschtlerinnen a Kënschtler trieden an en direkten Dialog mat der Architektur an der Geschicht vum Industriekulturmonument. De rauen industrielle Charme trëfft op filigran Materialien a raumgräifend Installatiounen. Sou entsteet en eenzegaartegen Dialog tëscht urbaner Konscht, Industriegeschicht an Architektur.

Back to Top
CIM LOGO