De Film gehéiert zu der d'Stommfilm-Ära, wou de Kino mol grad ugefaangen huet, sech ze etabléieren. Am Kader vun der UFA-Film-Night konnt een e Freideg den Owend an der Philharmonie genee dës Verfilmung vun der Oper erliewen an dat, wéi üblech fir déi Zäit, mat Livemusek.
De Stommfilm "Carmen" vum Ernst Lubitsch steet bis haut fir déi héich kënschtleresch Qualitéit vum fréien däitsche Kino. 1918 war e beweegte Joer. De Film ass nach wärend dem 1. Weltkrich entstanen, an enger Zäit vu gesellschaftlechem a politeschem Ëmschwong. E bësse méi wéi ee Mount nodeems den éischte Weltkrich eriwwer war an domat och dat däitscht Keeserräich, ass dann de Film "Carmen" zu Berlin fir déi éischte Kéier gewise ginn.
2018 huet sech d'Friedrich Wilhelm Murnau Stiftung zur Aufgab gemaach, déi beschiedegt Versioun vu "Carmen" ze restauréieren, nei ze verfierwen, ze vervollstännegen sou wäit et geet, an ze digitaliséieren. D'Musek gouf nei interpretéiert vum däitsche Komponist Tobias Schwenke, inspiréiert un der Oper vum Georges Bizet. An esou konnt "Carmen" bal vollstänneg rekonstruéiert ginn, fir sou no wéi méiglech un d'Originalfassung vun 1918 ze kommen. Zwee Joer hunn d'Restauréierungsaarbechte gedauert.
Vill Stommfilmer sinn duerch falscht Lageren oder Zerstéierungen an deem Alter immens gefäerdet. Genee dofir ass et wichteg, d'Filmer ze restauréieren an ze digitaliséieren, fir dëse Filmpatrimoine ze erhalen an och an Zukunft engem breede Publikum kënnen ze weisen.