Däitlech méi schaarf AsylreegelenDen Asyl- a Migratiounspak vun der EU ass a Kraaft

RTL mat AFP
Nach kuerz virum Oflaf vun der Iwwergangsfrist huet de Grand-Duché den europäeschen Migratiounspak an nationaalt Recht ëmgesat.
© RTL Archivbild

No enger Iwwergangszäit vun zwee Joer sinn e Freideg d'Reegele vum neie gemeinsamen europäeschen Asylsystem a Kraaft getrueden. Duerch d'Reform ginn d'Verfaren un de Grenze verschäerft an d'Verfaren, fir Asyl unzefroen, vun Grond aus iwwerschafft. Den EU-Innekommissär Magnus Brunner huet erkläert, datt et mat der Reform fir déi éischte Kéier en "ëmfaassend europäesche System" gëtt. D'Ännerunge verschafen den EU-Staate méi Kontroll iwwer d'An- an Ausrees.

Zu de Mesurë gehéiert ënner anerem e Schnell-Check fir Migranten, dat systematescht Erfaasse vun hire Fangerofdréck an enger Datebank esou wéi e séiert Asylverfare fir Leit aus Länner, wou d'Chance kleng stinn, datt si ugeholl ginn. Fir d'Verfaren an d'Baussegrenze vun der EU gi Grenzlager ageriicht. Mënscherechtsorganisatioune awer warne virdrun, datt d'Rechter vun den Leit, déi Asyl sichen, beschnidde ginn.

Weider wäert och déi sougenannt Secondaire Migratioun wäert staark ageschränkt ginn. En Asyl-Demandeur kann also net méi esou einfach vun engem EU-Memberstaat an den nächste reesen.

Lëtzebuerg hat den EU-Asylpak jo och iwwer zwee Gesetzer dës Woch guttgeheescht. No engem Vott an der Chamber waren dëst an nationaalt Gesetz ëmgewandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO