
Wëssenschaftler hunn an Indonesien déi bis ewell eelst Hielekonscht vun der Welt entdeckt. D’Hielemolerei wier op d’mannst 67.800 Joer al, heescht et an enger Etüd, déi e Mëttwoch am Fachmagazin “Nature” vun indoneeseschen an australeschen Archeologe verëffentlecht gouf.
“Mir hu laang Zäit an Indonesien geschafft”, sot ee vun den Auteure vun der Etüd, de Maxime Aubert vun der australescher Griffith University, der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Dës Kéier hunn d’Archeologen Hielen op der Insel Muna ënnersicht. Do hu si dem Aubert no “Handofdréck” fonnt, déi “warscheinlech mat roudem Ocker” gemaach goufen.
Fir den Alter vun der Hielekonscht ze bestëmmen, huet d’Ekipp Prouwen aus Kalzitusammlungen ënnersicht, déi sech un de Mauere vu Kalleksteenhiele bilden. D’Fuerscher hunn d’Gestengsschichte mat engem Laser bestraalt, fir ze moossen, wéi sech den Uran am Laf vun der Zäit am Verglach zu engem méi stabille radioaktiven Element mam Numm Thorium zersetzt huet. Dat wier eng “immens prezis” Technik, déi der Ekipp Wëssen iwwer de Mindestalter vun der Hielekonscht ginn hätt, sou den Aubert weider.
Déi elo entdeckt Hielekonscht ass méi wéi dausend Joer méi al wéi Hännofdréck, déi an enger spuenescher Hiel entdeckt gi waren an den Neandertaler zougeschriwwe goufen. D’Datéierung vun der spuenescher Hielekonscht wier allerdéngs “ëmstridden”, hunn d’Auteure vun der Etüd gewarnt.
D’Hielekonscht, déi an Indonesien fonnt gouf, gëtt och Opschloss iwwer historesch Froen, déi et scho laang ginn. “Dës Molereie sinn den éischte Beweis dofir, datt zu dëser Zäit modern Mënschen op den indoneeseschen Insele waren”, huet den Aubert nach betount.