Tibetesch KulturEn Temoignage vun zwee Tibeter am Exil

RTL Lëtzebuerg
Les Amis du Tibet hat dës Woch Informatiounsdeeg a Schoulen organiséiert, fir de Schüler d'Kultur an d'Geschicht vum tibeteschen Exil méi no ze bréngen.
En Temoignage vun zwee Tibeter am Exil
Les Amis du Tibet hat dës Woch Informatiounsdeeg a Schoulen organiséiert, fir de Schüler d’Kultur an d’Geschicht vum tibeteschen Exil méi no ze bréngen.

An deem Kader hunn och zwee tibetesch Flüchtlingen, déi zanter e puer Joer zu Paräis wunnen, hir Geschicht erzielt.

Hir Sprooch a Kultur mussen d’Tibeter am Ausland léieren. Dofir schécke vill Elteren hir Kanner fréi fort. De Lobsang an de Sangpo sinn am Exil opgewuess, an enger Schoul vun Tibetan Children’s Villages – enger Associatioun, déi déi tibetesch Communautéit a Kultur am Ausland ënnerstëtzt, virun Allem am Nepal an an Indien.

D’Kanner hätten ëmmer vill gehollef kritt, erkläert eis de Sangpo. Déi éischt Nuechten an der Schoul wieren als Kand awer schwéier gewiescht, well d’Eltere feelen. “Mir Tibeter sinn immens no mat eiser Mamm. Mir schlofen all zesummen an enger Kummer.Nuets sinn alt heiansdo d’Tréine gelaf, well mir eis do eleng gefillt hunn.” Trotzdeem géif et en immens gudden Zesummenhalt tëscht de Kanner an den Educateure ginn. Als Kand hätte si och ëmmer gesot kritt, datt si d’Zukunft vun Tibet sinn.

Allebéid halen déi tibetesch Kultur héich. De Lobsang ass Sänger an dréit eis bei eisem Besuch ee vu senge Lidder vir. Hien séngt vu Kandheetserënnerungen am Tibet, wéi hien als Kand d’Yaken an de Bierger gehitt huet. Hien erënnert sech nach gutt u seng Heemecht, déi hie mat 12 Joer huet misse verloossen. Déi geféierlech Rees iwwert den Himalaya war als Kand opreegend. D’Gefore waren him deemools net bewosst. “Ech war mat 12 Joer naiv. Wou mir gesot kruten, mir missten anzwousch hin, duecht ech mir géifen an d‘ Vakanz goen”, erkläert hien eis. “Ech hätt ni geduecht, datt ech esou laang fort misst.”

Et wier him réischt vill méi spéit bewosst ginn, wéi geféierlech d’Flucht war. Si wieren an de Bierger deels Seeler erop geklommen, déi just vun zwee Männer ugehale goufen. Mat 12 huet hien dat opreegend a flott fonnt. “Elo gesinn ech datt dat u sech wierklech geféierlech a riskant war.”

Vill Tibeter halen hir Traditiounen och am Ausland nach ëmmer héich. Déi zwee Männer weisen eis hir Kleeder, deen tibetesche Rousekranz, an erzielen, datt si sech trotz dem Exil nach ëmmer duerch d’Musek mat hirer Heemecht verbonne fillen. D’Kultur an d’Relioun wier eng ganz aner wéi hei – d’Leit wiere vill méi roueg an zefridden. Si sinn immens houfreg, datt si d’Traditiounen an d’Sprooch erhalen, déi anescht ausstierwe kéinten.

Hei am Land wunnen eng 10 tibetesch Flüchtlingen. D’Communautéit am Frankräich ass e gutt Stéck méi grouss. Déi heite Männer wunne schonn zanter fënnef Joer zu Paräis. D’Diversitéit an Europa gefält hinne relativ gutt. Si sinn immens frou, datt si mat de Schüler hunn dierfe schaffen, fir hir Kultur ze promovéieren.

Zum Schluss kréie mir nach e Fichier geschenkt – dee soll Gléck fir d’Zukunft garantéieren a gutt Laun mat sech bréngen. Et ass en traditionellen, tibetesche Stoff mat klenge Muster dran, deen eis soll drun erënneren, positiv ze bleiwen an ëmmer Rou ze behalen.

Back to Top
CIM LOGO