Feier, Protester a GewaltEng weider Kéier waren d'Protester zu Belfast aus dem Rudder gelaf

RTL mat Reuters
Mat engem Groussasaz vun der Police hunn d'Autoritéiten an Nordirland probéiert, géint gewaltbereet Demonstrante virzegoen.
Eng weider Kéier waren d'Protester zu Belfast aus dem Rudder gelaf
No enger Messerattack duerch de Mann aus dem Sudan ass d'Situatioun an Nordirland ausgeaart.

D'Police huet an der Nuecht op Donneschdeg an der nordirescher Haaptstad Waasserwerfer agesat, fir kleng Gruppe vun Demonstranten auserneen ze dreiwen. Et war déi zweeten Nuecht um Stéck, datt sech Leit zu Belfast op de Stroosse versammelt haten, nodeem et an der Stad zu enger Messerattack komm war, déi zu gréissere Spannungen an der Gesellschaft gefouert huet.

D'Autoritéite soen, datt rietsextrem Aktivitéiten op de soziale Medien d'Roserei no der Attack nach weider ugestachelt hätten. Och wann et an der leschter Nuecht méi roueg waren, koum et awer a verschiddenen Deeler vun der Stad nees zu Demonstratiounen a Gewalt ewéi och zu Zesummestéiss tëscht der Police an de gewaltbereeten Demonstranten. Dobäi goufen d'Poliziste attackéiert, Stroosseblockaden opgeriicht a Feier geluecht.

Grouss Deeler vu Belfast ware wéinst dëser Gewalt, déi opkomm ass, quasi wéi ausgestuerwen: Geschäfter a Schoule bloufen zou an den Transport war gestéiert.

E sudaneesesche Mann huet sech viru Geriicht wéinst der Messerattack misste veräntweren. Vun offizieller Säit wéi och vun der Famill vum Affer heescht et, datt d'Leit solle roueg bleiwen. D'Affär soll net genotzt ginn, fir Gewalt ze verbreeden an d'Gesellschaft weider ze splécken.

Back to Top
CIM LOGO