Zu Lëtzebuerg si mir et gewinnt, dass e puer Parteie bei de Walen untrieden. An der Reegel gëtt d’Regierung no de Walen och aus e puer Parteie forméiert. Ma an den USA ass dat anescht. Wéi den amerikanesche Politikwëssenschaftler Jared Sonnicksen, deen op der Universitéit zu Oochen fuerscht an enseignéiert, erkläert, decidéiere sech all d’Walen an den USA, vun der Lokalpolitik bis hin zu de Presidentiellen, tëscht den zwou grousse Parteien: den Demokraten an de Republikaner.
Ma wisou, spillen eigentlech just dës zwou Parteien eng Roll? D’Äntwert op dës Fro läit am amerikanesche Walsystem, an deem de President nom Majoritéitsprinzip gewielt gëtt. Mat Ausnam vun zwee Bundesstaate bedeit dat, dass dee Kandidat, deen déi meeschte Stëmmen an engem Bundesstaat kritt, alleguer d’Walleit an deem Staat am Electoral College fir sech verbuche kann. Alleguer déi aner Kandidate ginn eidel aus. An esou engem System mécht et fir d’Wieler kee Sënn, Parteien ze wielen, déi keng Chance drop hunn, déi meeschte Stëmmen ze kréien. Dowéinst ass et a Länner, an deenen nom Majoritéitsprinzip gewielt gëtt, esou, dass sech d’Walen an der Reegel tëscht den zwou gréisste Parteien decidéieren.
