
Et gëtt en Accord beim europäesche Liwwerkettegesetz: Negociateure vun den EU-Memberlänner a vum Europaparlament si sech an der Nuecht op en Dënschdeg eens ginn, mam Resultat, dass den initiale Projet zimmlech verwässert gëtt. D’Virgabe wäerte just nach fir eng gewëssen Zuel vu gréissere Betriber gëllen.
Eigentlech war den zentrale Gedanke vum sougenannten Omnibus-Gesetz deen, dass Betriber zur Rechenschaft kënne gezu ginn, wa se dervu profitéieren, wa Mënscherechter net agehale ginn.
De Kompromëss gesäit elo vir, dass just Betriber vu méi wéi 5.000 Mataarbechter an engem Joresëmsaz vu 1,5 Milliarden Euro dovu viséiert sinn. Ausserdeem fält déi zivilrechtlech Haftung op EU-Niveau ewech, wat bedeit, dass méiglech Affer keng eege Plainte kéinte maachen. E Betrib, dee sech net un d’Virgaben hält, ka maximal mat 3 Prozent vum weltwäiten Netto-Ëmsaz bestrooft ginn.
Am Europaparlament war deem Ganzen an de leschte Wochen en décke Sträit virausgaangen, well d’EVP drop gepocht hat, dass et zu Ännerunge kënnt, déi schlussendlech mat der Ënnerstëtzung vun de rietse Parteien och duerchgesat goufen. D’Liwwerkettegesetz dierft domadder den éischte Projet sinn, dee mat enger rietser Majoritéit duerch d’Parlament geet.