EU-Parlament stëmmt dofirEt wäert en eenheetlechen europäesche Fürerschäin kommen

RTL Lëtzebuerg
Am Europaparlament war en Dënschdeg am fréie Mëtteg den definitive Vott iwwert Ännerunge beim Fürerschäin.
© RTL-Grafik

Negociateuren zu Stroossbuerg an d’Memberlänner hate schonns Enn Fréijoer gréng Luucht ginn. Am Parlament huet een dowéinst en Dënschdeg iwwert déi zwee Gesetzer fir d’Reform vum europäesche Permis ofgestëmmt an eng Majoritéit vun de Parlamentarier huet sech dofir ausgeschwat.

EU-Parlament stëmmt fir eenheetlechen europäesche Fürerschäin / Rep. Pierre Jans

Bis spéitstens 2030 wäert en eenheetlechen europäesche Fürerschäin agefouert ginn. E soll digital sinn, via eng App um Smartphone. Parallel kann een en awer och nach a Kreditkaarte-Form ufroen. E soll och just nach 15 Joer valabel sinn.

De Mindestalter fir e Bus- oder Camionspermis däerfen ze maachen, gëtt EU-wäit op 18 Joer erofgesat an d’conduite-accompagnée iwwerall op 17 Joer fixéiert.

Da kommen awer och Ännerunge bei Verstéiss géint de Code de la route. Déi ginn nämlech bei schwéiere Fäll homologéiert. Wann een also an engem EU-Land de Fürerschäin ewechgeholl kréich, ass een en an all EU-Land lass, wat haut nach net de Fall ass. Dat gëllt virun allem fir d’Fueren ënnert dem Afloss vun Drogen oder Alkohol, wann ee widderholl vill ze séier ënnerwee war, oder wann ee schlëmm Accidenter provozéiert huet. En europäesche Punktefürerschäin soll awer net agefouert ginn.

Obligatoresch Tester fir Automobilisten iwwer 70 Joer war scho virum Vott vum Dësch. Däitschland war do ënner anerem strikt dogéint an hat sech Ënnerstëtzung aus der Belsch an aus Éisträich geholl.

Elo feelt u sech nach just den Accord vum EU-Conseil, deen awer als reng Formalitéit gëllt.

RTL-News vum 6.12.24: Fuerverbuet ouni EU-Grenzen: Wie Permis am EU-Ausland verléiert, kann en och am Heemechtsland ofgeholl kréien
RTL-News vum 26.03.25: EU-Parlament annoncéiert digitale Fürerschäin vun 2030 un

Back to Top
CIM LOGO