BréisselEU-Inneminister eenege sech op Verschäerfungen an der Asylpolitik

AFP
Anne Wolff
D'EU-Inneministeren hu sech no méintelaange Verhandlungen op eng däitlech Verschäerfung vun der gemeinsamer Asylpolitik gëeenegt.
© AFP/Archiv/Nicolas TUCAT

Bei hirem Treffen e Méindeg zu Bréissel hu si ënnert anerem de Wee fir sougenannten “Réckféierungszentren” an Drëttlänner fräi gemaach. D’Mesurë mussen elo nach vum EU-Parlament ugeholl ginn. D’EU hat am Juni 2024 eng Reform vum europäeschen Asylsystem beschloss, déi d’Memberlänner bis Juni 2026 ëmsetze sollen. Am Abrëll hat d’EU-Kommissioun matgedeelt, Deeler vun der Reform virzéien ze wëllen, fir de Memberlänner méi séier Asyldemarchen ze erméiglechen.

Am Kader dovunner sollen iwwert d’Solidaritéitsmechanissem 21.000 Asyldemandeuren aus besonnesch staark belaaschte Länner wéi Italien, Zypern, Griicheland a Spuenien ëmverdeelt ginn op déi aner Memberstaaten. Amplaz Leit opzehuelen, kënnen d’Länner awer och e Payement vun 20.000 Euro pro net-relokaliséierter Persoun als Ausgläich maachen.

Lëtzebuerg huet sech fir eng Kombinatioun decidéiert, erkläert den Inneminister Léon Gloden. 15 Leit ophuelen, an en Ausgläich vu knapp iwwert 1 Millioun Euro. Et misst een och kucken, wéi een déi Zuel vu 15 Leit kéint verrechne mat de sougenannten “Dubliners” – gemengt sinn domadder Asyldemandeuren, fir deenen hir Demande der sougenannter “Dublin-Prozedur” no eigentlech en anert Land zoustänneg ass, dat déi da misst zeréckhuelen, wat awer dacks net geschéie géif.

Lëtzebuerg hätt mat 700 relativ vill vun dëse Fäll.

Méi streng Grenzen

No den neie Reegele sollen an Zukunft Asyldemandeure schonn un den EU-Baussegrenze kënnen zeréckgewise ginn, wann hir Demande keng Aussiicht op Erfolleg versprécht. Ofgewisen Asyldemandeuren, déi net an hier Heemecht zeréckkënnen, sollen a Réckféierungszentren an Drëttlänner ausgewise kënne ginn. Et gëtt zum Beispill eng hollännesch Initiativ fir esou een Zentrum am Uganda, un deem sech och Däitschland bedeelege kéint. Kritiker zweiwelen allerdéngs dorunner, datt esou Zentre mam EU-Recht kompatibel wieren.

“Do hu mir festgehalen, dass mir fir d’éischt eng reconnaissance mutuelle facultative maachen, dat heescht, wann een aus engem anere Memberstaat op Lëtzebuerg kënnt, deen an deem Memberstaat refuséiert gëtt, dann erkenne mir dee Refus un a kucken, dass deen zeréck kënnt”, sou den Inneminister.

Déi Persoun géif dann entweder an hiert Hierkonftsland zeréckgeschéckt ginn, wann dat als sécher gëllt, oder ënnert gewësse Conditiounen an e sougenannte sécheren Drëttstaat “wou awer nach e Lien besteet, dass déi Persoun zum Beispill do am Transit war, do Familljememberen huet oder en anere Lien, da kann een och deen an déi Länner schécken. Lëtzebuerg huet natierlech widderholl, dass dat fir eis nëmme méiglech ass, wann och d’Mënscherechter an deene Länner respektéiert ginn”, sou de Léon Gloden.

Dofir goufe vun den Inneminister Lëschte mat sougenannte sécheren Drëttstaaten opgesat, déi allerdéngs nach duerch d’EU- Parlament mussen.

No enger Iwwergangsphase vu véier Joer kéint dee Mechanismus obligatoresch ginn. Lëtzebuerg wéilt awer an éischter Linn op de fräiwëllege Retour setzen. An der EU sinn d’Asyldemanden an den éischte sechs Méint vun 2025 zeréckgaangen – am Verglach zu der selwechter Period 2024 e Minus vun 23 Prozent.

D’Inneministeren hu sech ausserdeem op méi haart Strofe géint Leit ouni d’Recht ze bleiwe gëeenegt, déi sech weigeren, d’EU ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO