
Dat huet d’Geriicht hei um Kierchbierg en Donneschdeg matgedeelt. D’EU-Kommissioun hat jo eng entspriechend Plainte deposéiert. Konkreet geet et ëm de Sender “Klubradio”, deen 2021 säi Radiosprogramm huet misse stoppen an zanterhier nëmmen nach iwwert den Internet diffuséiert. En 2014 tëschent Klubradio an dem ungaresche Medieconseil ofgeschlossene Kontrakt war deemools ausgelaf an ass net verlängert ginn. De Grond: D’Chaîne war verflicht dem Medieconseil all Mount seng Quoten z’iwwermëttelen, wier dëser Verflichtung allerdéngs zweemol net nokomm. D’Frequenz war doropshin nei ausgeschriwwen an d’Kandidatur vu Klubradio refuséiert ginn.
Dem Europäesche Geriichtshaff no huet Ungarn domat déi an der Charta vun den EU-Grondrechter verankert Meenungs- an Informatiounsfräiheet verletzt. Déi vum Medieconseil genannt Grënn fir de Lizenz-Entzuch wiere “geréngfügeg formal Ongenauegkeeten” oder géifen Aspekter betreffen, déi “net dozou féieren dierften, datt e Radiossender seng Tätegkeet net poursuivéiere kann”.
De Prozess war ee vu villen, déi vum EuGH géint Ungarn wéinst presuméierte Verstéiss géint d’EU-Recht lafen oder gelaf sinn. Dem ungaresche rietsnationalistesche Regierungschef Viktor Orban gëtt reprochéiert, krittesch Stëmmen an der Justiz, de Medien an an der Zivilgesellschaft systematesch z’ënnerdrécken souwéi d’Rechter vu Minoritéiten anzeschränken. Den Orban trëtt zanter méi laangem als schaarfe Kritiker vun der EU op, gläichzäiteg ass Ungarn och ee vun de leschten Alliéierte vu Russland an der Europäescher Unioun.