19 Joer ale Mann ënnert de VerdächtegenFënnef Leit wéinst geplangtem Attentat op Trump-Gebuertsdagsfeier festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeem eng méiglech Attack op de Käfegkampf-Event zum 80. Gebuertsdag vum US-President Donald Trump vereitelt gouf, huet den US-Justizministère elo confirméiert, datt fënnef Verdächteger festgeholl goufen.
Nach der Vereitelung eines möglichen Anschlags auf die Käfigkampf-Veranstaltung zum 80. Geburtstag von Präsident Donald Trump hat das US-Justizministerium die Festnahme von fünf Verdächtigen bestätigt.
Den Trump hat säin 80. Gebuertsdag e Sonndeg an engem Mixed-Martial-Arts-Spektakel virum Wäissen Haus gefeiert.
© POOL/AFP

Déi Beschëllegt sinn tëscht 19 an 32 Joer al a si wieren d'lescht Woch festgeholl ginn., wéi de Ministère en Dënschdeg zu Washington matgedeelt huet. Deemno gouf et zwou Festnamen am US-Bundesstaat Kalifornien a jeeweils eng an Ohio, Missouri an Nebraska.

Zu de Verdächtege gehéiert deemno den 19 Joer alen Tycen P. Hie wier den 10. Juni an Ohio festgeholl ginn, nodeems seng Mamm d'Police am Bezierk Knox informéiert hat, datt hire Jong mat enger extremistescher Grupp Kontakt hat.

De P. soll "Waffen, Dausende Schoss Munitioun a Kampfausrüstung a sengem Doheem zu Ohio gesammelt" hunn, huet et an der Matdeelung vum Ministère geheescht. Ausserdeem hätt hien "potentiell Ugrëffsziler identifizéiert, dorënner eng sëllege Membere vum Kongress".

Explosiv Dronen a Sniperen um Daach

Déi insgesamt fënnef Leit, déi festgeholl goufen, sollen dem US-Justizministère no geplangt hunn, Drone mat explosivem Material an dem Trump seng Gebuertsdagsfeier ze fléien, fir esou eng Evakuéierung ze forcéieren. Duerno sollte Sniperen vun der Grupp deemno op "héichrangeg Ziler" an de Mënschemasse schéissen, déi deen Ament géife flüchten.

Den FBI, aner Police-Forcen a Procureuren hätte "mat hirer séierer Reaktioun an hirer Opmierksamkeet dat gemaach, wat si all Dag maachen, fir Amerika sécher ze maachen", esou de provisoreschen US-Justizminister Todd Blanche. Dem US-President Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt huet am Onlinedéngscht X erkläert, den US-President a seng ganz Regierung wieren "dem FBI an dem Secret Service an allen heldenhafte Membere vun de Sécherheetsforcen dankbar, déi ouni Paus fir eis Sécherheet schaffen."

Den Trump hat säin 80. Gebuertsdag e Sonndeg an engem Mixed-Martial-Arts-Spektakel virum Wäissen Haus gefeiert. Dofir war extra eng grouss Arena opgeriicht ginn. Ronn 4.000 Gäscht ware gelueden. An engem Park nobäi waren nach emol 100.000 Leit, déi den Event vu ronn 60 Milliounen Dollar op enger Leinwand nogekuckt hunn.

Géint den Trump gëtt et ëmmer nees Attentatsversich. Am Abrëll hat ee Mann probéiert, de Galadinner vun der Press mam Trump ze stiermen. An am Juli 2024 war him jo bei enger Walkampfveranstaltung am Bundesstaat Pennsylvania an d'Ouer geschoss ginn. Am September 2024 gouf et ausserdeem nach ee Virfall, bei deem ee Mann sech mat engem Gewier an enger Heck um Trump senger Golfplaz a Florida verstoppt hat.

Back to Top
CIM LOGO