
D'Ëmsetzung vun engem Zoll-Accord tëscht der EU an den USA aus dem leschte Joer huet elo déi lescht politesch Hürd iwwerwonnen. D'Europaparlament huet en Dënschdeg zu Stroossbuerg dofir gestëmmt, europäeschen Zoll op US-Industrie-Gidder zäitweis ofzeschafen. De Rot vun den EU-Länner muss elo formal gréng Luucht ginn, wat virun der vum US-President Donald Trump gesater Frist de 4. Juli ofgeschloss misst sinn.
D'Ofschafung vum Zoll betrëfft Industrie-Gidder wéi Autoen a Maschinnen. Se soll mam Akraafttriede vum Gesetz gräifen an den 31. Dezember 2029 auslafen, also méi wéi ee Joer no den nächste Presidentiellen an den USA. Se ass den Haaptpunkt vum Accord tëscht der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an dem Trump vum leschten August. Den US-President huet am Géigenzuch versprach, op déi meescht EU-Produite maximal Taxe vu 15 Prozent ze erhiewen.
An der EU huet d'Ëmsetzung vun deem Gesetz e puer Méint laang gedauert, wat zu Washington fir Onmutt gesuergt hat. D'Europaparlament huet d'Aarbecht dorun e puer Mol ausgesat, well duerch dem Trump seng Menacen an en Urteel vum Ieweschten US-Geriichtshaff géint seng Douanestaxen Onsécherheet opkomm war. Den Trump huet doropshin den Drock erhéicht a mat weidere Stroftaxen op Autoe menacéiert, sollt dës Ëmsetzung net bis Ufank Juli beschloss sinn.
D'EU-Gesetz huet elo eng Noutfallklausel, falls den Trump den Accord brécht a seng Taxen erhéicht. D'EU-Kommissioun kann déi europäesch Zoll-Ofschafung mat der Zoustëmmung vun de Memberstaaten da rëm aussetzen, en Automatismus gëtt et awer net. Dat selwecht gëllt, wann d'USA iwwer 2026 eraus weider Taxen an Héicht vu 50 Prozent op Produiten erhieft, déi Stol an Aluminium enthalen.
440 Deputéierter hunn zu Stroossbuerg fir dat neit Gesetz gestëmmt, bei 151 Géigestëmmen a 50 Enthalungen. De Rot vun de 27 EU-Länner muss d'Gesetz nach majoritär ofseenen, dëst gëllt awer éischter als reng Formalitéit an dierft virun dem Trump senger Frist de 4. Juli ofgeschloss sinn.