Am Kader vun enger Operatioun géint en Netzwierk vu presuméierten Drogeschmuggler hunn italieenesch Enquêteuren aacht Persoune festgeholl. Géint dräi weiderer goufen Enquêten "an d'Weeër" geleet.
D'italieenesch Carabinieri hunn zu Roum, L’Aquila, Reggio Calabria a Catania zougeschloen, no Enquêtë vun der Anti-Mafia-Direktioun vum Parquet vu Roum.
Den Enquêteuren no hätten déi am Ganzen eelef concernéiert Persounen, mat Hëllef vun engem internationalen Netzwierk, zanter August 2025 Kokain an Italien geschmuggelt an do verkaf. Zum Netzwierk géingen en dominikanesche Broker, dee fir d'Relatioun mat den auslännesche Fournisseuren an d'Finanzflëss responsabel war, e kolumbianesche Chef d'opération, dee sech ëm den Import vun den Drogen an d'Festsetze vun de Präisser gekëmmert huet, e Grouss-Dealer zu Roum an en Associé a Kalabrien gehéieren.
D'Droge wiere mat modifizéierte Gefierer aus Spuenien an Italien transportéiert ginn oder mam Schëff aus Südamerika komm. Dobäi wieren d'Droge-Liwwerungen am Mier ofgeworf an duerno mat Hëllef vu GPS-Koordinate recuperéiert ginn. D'Enquêteuren hunn och Droge-Kuréier identifizéiert, déi de Kokain, an hirem Kierper verstoppt, als Passagéier a Fligeren an d'Land bruecht hunn.
Am Kader vun der Enquête gouf och en Drogen-Laboratoire entdeckt, an deem 500 Kilogramm vun enger Substanz louchen, bei där et sech den Enquêteuren no ëm Streckmëttel fir Kokain kéint handelen.