Lëtzebuerger Premier begréisst AccordKaderofkommes fir Fridden tëscht Iran an USA soll e Freideg an der Schwäiz ënnerschriwwe ginn

AFP
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet annoncéiert, datt d'Verhandlunge fir e Friddensofkommes mat den USA e Freideg lancéiert ginn. Dora soll et ëm eng direkt Wafferou, och am Libanon, an och iwwert den iraneschen Atomprogramm goen.
Nach der vorläufigen Einigung zwischen den USA und dem Iran auf ein Kriegsende sollen die Verhandlungen über ein umfassendes Friedensabkommen iranischen Angaben zufolge vermutlich am Freitag beginnen. Der Ort ist noch offen.
Den Donald Trump gesäit keng Verflichtung fir US-Investitiounen am Iran.
© AFP

Nom virleefegen Accord tëscht den USA an dem Iran op e méiglecht Krichsenn, sollen d'Verhandlungen iwwert en ëmfaassend Friddensofkommes e Freideg lancéiert ginn, heescht et vun iranescher Säit. Dëst soll am schwäizeresche Luxus-Hotel vu Bürgenstock bei Luzern geschéien. Entgéint den iraneschen Aussoen iwwert d'Kaderofkommes gesäit den US-President Donald Trump "kengerlee Verflichtung" fir US-Investitiounen am Iran.

D'Kaderofkommes, dat vun den USA an dem Iran e Sonndeg annoncéiert gouf, gesäit ënner anerem eng direkt Wafferou an der ganzer Regioun, och am Libanon, vir. Donieft ass och eng Phas vu 60 Deeg virgesinn, an där béid Länner en ofschléissend Friddensofkommes ausschaffe wëllen. Dobäi soll et och ëm déi brisant Fro vum iraneschen Atomprogramm goen.

"Warscheinlech e Freideg" géif "eng nei Verhandlungsronn tëscht dem Iran an de Vereenegte Staate lassgoen, fir en endgëltegen Accord ze erreechen", sot den Araghtschi de Journalisten zu Teheran. No den Aussoe vu sengem Ministère gëtt den Iran dobäi duerch de Spriecher vum iranesche Parlament Mohammed Bagher Ghalibaf vertrueden. Fir d'USA soll den US-Vizepresident JD Vance deelhuelen.

Nom Kaderofkommes hat den Trump d'Ouverture an d'Fräiheet virum Peage an der Strooss vun Hormus an Aussiicht gestallt, déi zanter dem Ufank vum Krich vum Iran blockéiert ass. "Si wäert op sinn an ouni Peage", huet den Trump e Méindeg kuerz virum Optakt vum G7-Sommet am franséischen Evian gesot. Den iraneschen Ausseministère huet dogéint erkläert, et sollte Fraise fir maritim Déngschtleeschtungen erhuewe ginn.

Iranesch Medien hunn en Dënschdeg bericht, datt dräi Uelegtankeren d'Gebitt am Indeschen Ozean passéiert hunn, an deem d'USA kierzlech eng Séiblockad gehalen hätt. Zwee Frachtschëffer, déi mat wichtege Gidder geluede waren, wieren iwwerdeems ënnerwee op en Hafen am Süden.

Oneenegkeeten beim Kaderofkommes

Déi genee Detailer vum Kaderofkommes ware weider onkloer. Den US-Vizepresident Vance huet dem US-Sender CNN gesot, d'Kaderofkommes wier annerhallef Säite laang, "et wier also e ganz allgemengt Dokument". Den Trump huet erkläert, d'Ofkommes soll vermuttlech no der Ënnerschrëft e Freideg verëffentlecht ginn. Zwee US-Regierungsvertrieder hunn dogéint erkläert, d'Dokument géif "an den nächste 24 bis 48 Stonne verëffentlecht ginn".

Besonnesch ëmstridde Punkte waren déi méiglech Lockerung vun US-Sanktioune géint den Iran sou wéi Reparatiounszuelungen zu Teheran. No den Aussoe vun iranesche Medie géif den Accord d'Fräigi vun am Ganze 24 Milliarden US-Dollar (knapp 21 Milliarden Euro) un agefruerenen iranesche Verméigenswäerter virgesinn.

Dem Spriecher vum iraneschen Ausseministère Esmail Bakaei no hätt Washington sech dozou "verflicht", agefrueren iranesch Gelder fräizeginn a fir d'Beseitegung vu Krichsschied opzekommen. Den Trump huet en Dënschdeg beim G7-Sommet awer kloergestallt, datt d'USA "kengerlee Suen" am Iran investéiere géif. Haapt-Schwéierpunkt vum Accord géif dora leien, datt den Iran net an de Besëtz vun Atomwaffe kënnt. Sollt dat trotzdeem de Fall sinn, géing iwwert déi Islamesch Republik "d'Häll erabriechen".

Wéi eng Reegelungen d'Kaderofkommes fir den iraneschen Atomprogramm genee huet, war fir d'éischt nach onkloer. De Vance huet dem Sender NBC gesot, US- an UN-Atom-Inspecteure géifen domat d'Arees an den den Iran erlaabt ginn. Déi international Atomenergieagence (IAEA) a Washington géifen dem Iran am Kader vum Accord "bei der Vernichtung vum héich ugeräicherten (Uran-)Bestand hëllefen". Den Araghtschi huet dogéint gesot, Teheran wéilt seng Reserven un héich ugeräichertem Uran léiwer "bannent dem Iran" ofbauen.

Premier Luc Frieden begréisst Annonce

"Mir begréissen all Accord, deen de Krich op en Enn bréngt", dat huet de Premier Luc Frieden op eng Fro vun der LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding en Dënschdeg de Mëtten um Krautmaart geäntwert. D'Konsequenze vum Krich wiere weltwäit ze spiere gewiescht, dofir wier all Enn vum Krich positiv. Och wann d'Regierung den Inhalt vum Accord net kennt, wier et positiv, wann d'Hormus-Strooss géif opgoen an den Iran och keng Atomwaffe géif besëtzen. D'Mesuren aus dem Tripartites-Accord, déi jo decidéiert gi sinn, fir déi negativ Aspekter vum Krich ofzefiederen, géif d'Regierung net a Fro stellen. Dogéint ass de Premier awer éischter pessimistesch agestallt, datt den Accord dem iranesche Vollek eng reell Fräiheet géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO