
De Fernand Kartheiser hat, zanter hie Member vun der EU-Parlament ass, scho méi dacks vu sech schwätze gedoen. Sief et duerch d'Fuerderung, datt Lëtzebuergesch offiziell EU-Sprooch sollt ginn, duerch Videokonferenze mat russesche Politiker oder duerch seng Reesen a Russland, déi dozou gefouert hunn, datt hien aus senger Fraktioun am EU-Parlament ausgeschloss gouf. Dës Rees hat den ADR-Politiker scho méi dacks verdeedegt a se esouguer als "relevant" bezeechent.
Elo suergt de rietsen Deputéierten eng weider Kéier fir Schlagzeilen. Wéi Politico schreift an de Kyiv Independent schonn d'lescht Woch gemellt hat, hätt de Fernand Kartheiser all d'EU-Deputéiert invitéiert, fir an noer Zukunft eng weider Rees a Russland zesumme mat him ze ënnerhuelen. "Assistenz, fir e passenden Ënnerdaach ze fannen, kënne mer ubidden an eng perséinlech Invitatioun fir den St. Petersbourg Economic Forum wäert nokommen", heescht et am der Invitatiounsmail, déi och RTL antëscht virläit. D'Schreiwes ass op den 30. Abrëll datéiert an ass un de gesamte Verdeeler vun allen Europadeputéierten an hiren Assistente gaangen, also och un déi fënnef aner Lëtzebuerger EU-Deputéiert.
D'Vertrieder vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn onofhängeg vun der konkreter Invitatioun am Allgemengen an der Emissioun RTL Spezial am Kader vum Europadag kloer gemaach, datt Si géint esou eng Zort Dialog fir den Moment mat Moskau sinn. Vu verschiddene krute mir op Nofro och gesot, datt si d'Schreiwes vum ADR-Deputéierte bewosst ignoréiert hunn.
An der besoter Invitatioun gëtt dann och eng perséinlech Entrevue mat Membere vun der Duma den 3. Juni an Aussiicht gestallt. De russesche President Wladimir Putin ass iwwregens reegelméisseg Gaascht bei deem Wirtschaftsforum zu St. Petersburg a gëtt och dëst Joer do erwaart.
Politico hat dann och beim Fernand Kartheiser nogefrot, ob sech scho verschidde Deputéiert gemellt hätten, déi mat him a Russland wéilte fléien. Doropshi sot de Lëtzebuerger Deputéierten, datt hie sech u seng Prinzippie géif halen. "Keng Nimm, keng Zuelen, keng politesch Allianz. D'Participantë kéinten - wéi ech selwer - negativ Konsequenzen erliewen. Also halen ech mech zeréck". D'Deadline, fir sech unzemellen, ass de 6. Mee ofgelaf.
Kritik un dëser Aktioun gëtt et awer vun der litauescher Deputéiert Petras Auštrevičius. Si wërft dem Fernand Kartheiser vir, datt dësen "oppe probéiert", fir Parlamentarier "ze rekrutéieren, déi fir Russland als Informanten, Influencer oder méi schaffen".