Den Iran-Krich an d'Explosioun vun den Energiepräisser hunn den Europäer alt rëm gewisen, wéi ofhängeg mer nach ëmmer vun Drëttstaate sinn.
Europa ass Affer a Spectateur vum Krich, sot d'lescht Woch de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden um informelle Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen op Zypern. Mä wéi komme mer aus dëser Afferroll eraus? Och vis-a-vis vun engem errateschen US-President, deen aus Roserei iwwer Kritik vum däitsche Kanzler u senger Krichsféierung am Noen Osten net nëmmen amerikanesch Zaldoten aus Süddäitschland méi séier ofzéie wëll, mä och nees mat méi héijen Douanestaxen op europäeschen Autoen a Camionen dreet.
Deet sech mam Depart vum Viktor Orban an Ungarn elo wierklech eng Fënster op fir eng gemeinsam europäesch Aussepolitik? A soll den Eestëmmegkeetsprinzip dann an alle Politikfelder ofgeschaf ginn. Mat eventuellem Nodeel fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz?
Kann d'EU et fäerdeg bréngen, an Energiefroe méi enk zesummenzeschaffen? Kann d'Energietransitioun just mat Hëllef vun der Atomenergie geschéien?
A wat soll a kann d'Europäesch Unioun zu engem Fridden an der Ukrain bäidroen?
Ënnert anerem doriwwer wëlle mer am Kader vum Europadag mat de Lëtzebuerger Europadeputéierte vun alle Parteien schwätzen, dat an den Ausstellungsraim vum "Erliefnes Europa" am Konrad-Adenauer-Gebai um Kierchbierg.
Invitéiert sinn:
RTL SPEZIAL, dësen Donneschden um 20 Auer op der Tëlee an op RTL PLAY.