
Et géing dorëm goen, eng Vertrauensbasis ze hunn, déi et géing erlaben, Progrèsen ze maachen, wou se elo nach net méiglech wieren, seet den ADR-Politiker an Europadeputéierte Fernand Kartheiser iwwert eng Videokonferenz, déi hien op privat Initiativ Enn zejoert mat russeschen Deputéierten, dem rietsradikale russesche Politiker Leonid Sluzki a weideren EU-Deputéierte vun der AFD an der BSW organiséiert hat. Et sollt ee sech kenneléieren, fir wann d’Zäiten änneren.
Dëst wier schonn déi zweet Videokonferenz gewiescht, an der Suite vu senger Visitt zu Moskau am Mee zejoert, wou hien den Duma-Deputéierte Leonid Sluzki getraff hat. E Politiker, deen zu den Hardliner am russesche Parlament zielt, ënner anerem, wat seng Fuerderungen am Ukrain-Krich ugeet.
D’Zil vun der Konferenz wier gewiescht, den offiziellen Dialog oprecht z’erhalen, seet de Fernand Kartheiser. Staate wéi Ungarn oder Slowakei hätten nach Relatioune mat Russland. Aner Länner géingen iwwer hir Ambassadë fueren, sou och zum Deel Lëtzebuerg, wou den Ambassadeur géing Demarchen am russeschen Ausseministère maachen. Op europäeschem parlamentareschem Niveau géing awer net vill existéieren. “Fir datt den Dialog tëscht dem europäeschem Parlament an der Duma, deen et virdru ginn ass, mee deen offiziell ofgebrach gouf, viru geet. Fir dass nach eng Bréck tëschent deenen zwee Parlamenter existéiert, hunn ech dat do initiéiert”, erkläert de Fernand Kartheiser.
Fir d’Gespréich wieren déi 720 EU-Deputéiert invitéiert gewiescht, äntwert hien op d’Kritik, dass vill Politiker vum rietsen a lénkse Bord deelgeholl hunn. Dass ënner anerem däitsch Medie vun enger geheimer Konferenz schwätzen, kann hien net novollzéien.
Russland notzt d’online Treffen als Propaganda
A Russland gouf den Austausch als Propaganda genotzt an als Verhandlunge mat EU-Deputéierten duergestallt. “Dogéint kann ee sech net schützen”, mengt de Fernand Kartheiser. Wat fir hie géing ziele wier, dass ee kéint oppen diskutéieren. Wéi et dono géing duergestallt ginn, wier jidderengem selwer iwwerlooss. Jiddereen, deen dobäi gewiescht wier, kéint säin eegene Jugement maachen. “Mir probéieren an deene Communiquéen, déi iwwert déi Saachen do gemaach goufen, ganz faktuell ze sinn. Mee ech hunn och déi russesch Communiquéë gelies. Déi sinn heiansdo e bëssen anescht orientéiert. Bon, c’est de bonne guerre”, schléisst den ADR-Politiker.
Wéinst senger Aktioun kritt hien och vill Kritik vu Leit, déi soen, et dierft een net mat de Russe schwätzen. Mee och d’Amerikaner, an elo d’Ukrainer an de Verhandlungen, géinge mat de Russe schwätzen. Just eben déi europäesch Länner an Institutiounen net.
Fir den Austausch hätt et keng fest Agenda ginn. Et hätt een natierlech och iwwert de Krich an der Ukrain geschwat, mee all d’Sujeten hätte kënnen ugeschwat ginn, och wann een net op alles eng Äntwert kritt hätt.