Bis Ufank August goufen et ronn 3.800 confirméiert Fäll a ronn 1.700 Doudesaffer. D'Situatioun ass komplex an ënnerschiddlech Facteuren néideg, fir den Ausbroch ënner Kontroll ze kréien.
Offiziell ass rieds vum zweetschlëmmsten Ausbroch vun Ebola an der Geschicht. D'Grënn, wisou därmoosse vill Fäll an der demokratescher Republik Kongo antëscht registréiert goufen, sinn ënnerschiddlech, seet den Amrish Baidjoe vun MSF:
"Ee klore Grond ass, datt den Ausbroch ganz laang net detektéiert gouf. Dat heescht, d'Fäll konnte sech am ganze Land verbreeden a souguer bis iwwert d'Grenzen, ouni datt iergendee se detektéiert huet. En anere Grond ass de Problem vum Accès. Net all Deel vum Land huet Spideeler oder Dokteren, déi disponibel sinn, déi ekipéiert a geléiert sinn, mat Ebola ëmzegoen."
Dobäi kommen arméiert Konflikter am Land, Mësstraue géintiwwer dem Gesondheetswiesen an net genuch Finanzement:
"Et brauch ee Leit, déi an d'Gesellschaft ginn, déi se kennen a mat hinne schwätze kënnen, déi Vertrauen opbaue kënnen an engem Land, wat permanent vu Konflikter impaktéiert ass. Wou et net vill Gesondheetscapacitéite ginn a wou ganz vill aner Krankheeten zirkuléieren."
Well de Virus vu Mënsch zu Mënsch iwwerdrobar ass, gëtt wéi bei der Covid-Pandemie mat Contact Tracing a Quarantän geschafft. Mee och dat kascht Personal an Infrastrukturen:
"Déi eenzeg Manéier, wéi mer et ënner Kontroll kréien, ass, wa mer sécherstellen, datt d'Gesondheetspersonal seng Aarbecht ka maachen, also dat richtegt Material an Ekipement huet. Mee et muss och Gesondheetspersonal op engem Site sinn, wou Leit mat Symptomer kënnen hi kommen."
Finanzement bräicht een och fir d'Recherche, fir Studien ze maachen iwwer méiglech Traitementer oder Impfstoffer. Wichteg wier et donieft, proaktiv bei d'Leit ze goen, se iwwert d'Symptomer vun Ebola ze informéieren, fir de Virus méiglechst séier ze erkennen an hinnen ze soen, wat se sollen maachen an datt se net fäerte sollen, fir medezinesch Hëllef ze sichen:
"E groussen Deel vun der Aarbecht ass och fir den Ausbroch wéi eppes mënschleches unzegoen an net einfach just eng technesch Äntwert drop ginn. Dat ass wierklech decisiv an esou enger Zort Ausbroch wéi bei Ebola."
Et wier ee sech awer bewosst, datt et nach eng Zäit dauere wäert, bis een d'Situatioun an der Demokratescher Republik Kongo wäert am Grëff hunn. Ronn 1.400 Mataarbechter vu Médecins sans frontières sinn iwwregens am Asaz, fir géint den Ebola-Ausbroch unzekämpfen.
D'Aarbecht vun MSF ass awer nëmme méiglech duerch privat Donen an dofir appelléiere se och un d'Leit, weider Spenden ze maachen, fir weider kënnen ze schaffen, do, wou ee gebraucht gëtt.