Nei Menacë vum US-PresidentIran misst Hormus-Strooss "ganz geschwënn" opmaachen oder géif "immens haart getraff" ginn

AFP
Den US-President Trump huet der Féierung vum Iran nees gedreet an en Ultimatum gestallt.
US-Präsident Donald Trump hat der Führung in Teheran erneut ein Ultimatum gestellt: Entweder der Iran öffne die Straße von Hormus "sehr bald" oder wird "sehr hart getroffen".
© AFP

Der Tëleeschaîne Fox News géigeniwwer sot den Trump, entweeder den Iran mécht d'Strooss vun Hormus "ganz geschwënn" nees op oder géif "immens haart getraff" ginn. Gläichzäiteg huet den US-President betount, datt et den Ament "gutt Gespréicher" mat Teheran géif ginn. Den Iran wier interesséiert un engem Ofkommes, fir de méintelaange Krich op en Enn ze brengen, esou den Donald Trump.

Virdrun hat säi Finanzminister Scott Bessent erkläert, datt hien en Accord mam Iran fir d'Reouverture vun der Strooss vun Hormus nach bis e Mëttwoch fir méiglech hält.

Back to Top
CIM LOGO