
An der Nuecht op e Mëttwoch wieren den ukraineschen Autoritéiten no op d'mannst 15 Leit bei russeschen Attacken op d'Regioun Kiew ëm d'Liewe komm. 14 Ziviliste wieren an der Géigend ronderëm déi ukrainesch Haaptstad gestuerwen, heescht et vum Chef vun der regionaler Militär-Administratioun Tymur Tkatschenko op Twitter. Iwwer 20 Leit wieren iwwerdeems bei den Attacke blesséiert ginn.
Zu Kiew selwer mellen d'Autoritéiten dann no russesche Rakéiten- an Dronenattack nach eng Kéier op d'mannst 20 Blesséierter. Eng Fra wier hei ëm d'Liewe komm. De russesche Militär hätt geziilt Wunngebaier a Lagerhale viséiert.
Vun der ukrainescher Loftwaff heescht et iwwerdeems, dass ee vun den 28 Rakéiten, déi Russland geschoss huet, keng eenzeg konnt offänken. Nëmmen d'Dronen - 98 Stéck - wieren interceptéiert ginn.