
De Vulkan ass an enger besonnesch explosiver Phas, mat Lavastréim, décke Wolleken aus Äschen a Gas souwéi enger staarker vulkanescher Aktivitéit.
D'Autoritéiten hunn an dräi Provënzen déi héchsten Alarmstuf ausgeruff. Ronn 29.000 Awunner sinn direkt vun der Äsche betraff, wärend am Ganze ronn 1,6 Millioune Mënschen an de betraffene Regioune liewen. Och un d'Touriste war et den Appell, fir d'Geforenzon ze verloossen.
De Volcán de Fuego, nëmme ronn 35 Kilometer vun der Haaptstad Guatemala-Stad ewech, gëllt als den aktiivste Vulkan a Mëttelamerika.
2023 goufe bei zwee Ausbréch bal 1.700 Leit a Sécherheet bruecht. Beim Ausbroch am Joer 2018 waren op d'mannst 215 Mënschen ëm d'Liewe komm, eng ganz Uertschaft war deemools ënner Lava an Äsche begruewe ginn.