
Schold ass e Wanterstuerm, deen déi däitsch Meteorologen “Elli” gedeeft hunn, déi belsch an déi brittesch Medie schwätze vum “Goretti”. Deen ass scho vun Irland, iwwer Groussbritannien eben elo eriwwer bei eis gezunn ass.
An Däitschland bleiwen a méi Bundeslänner dëse Freideg d’Schoulen zou an d’Leit sinn opgeruff, wa méiglech doheem ze bleiwen. De Wiederdéngscht bei eisen Noperen huet fir déi ganz Bundesrepublik eng Alerte erausginn, och wéinst Glëtz a Glatäis.
An der Manche a Frankräich gëllt zanter en Donneschdeg den Owend eng Alerte rouge. Ronderëm den Äermelkanal gi sech Wandvitesse vun ëm 160 Stonnekilometer erwaart. Gemooss gouf elo schonn eng Rafale, e Wandstouss, vun 213 Stonnekilometer. Fir 21 Departementer gëllt eng orange Alerte. 380.000 privat Stéit haten um Freideg de Moien dann och kee Stroum, haaptsächlech an der Normandie, an der Bretagne, Picardie an och ronderëm Paräis. 8 Blesséierter goufen och schonn aus der Manche gemellt, zwee dovunner ganz uerg.
Souwuel a Frankräich wéi och an Däitschland ass am Norde vum Land den Zuchtrafic gréisstendeels ënnerbrach ginn. D’SNCF huet hiren Zuch-Trafic fir den Nord-Weste gréisstendeels ënnerbrach.
D’Belsch ass och betraff. Hei gëlle giel an orange Warnunge fir e groussen Deel vum Land. Glat Stroossen a Schnéi kënne besonnesch an der Wallonie e Problem sinn.
Och fir d’Provënzen Namur a Luxembourg, also laanscht eist Land, gëllen orange Warnunge wéinst Glatäis an et ass d’Recommandatioun, fir doheem ze bleiwen.