Geschwënn ass et esou wäit: De 5. November decidéiert sech an den USA, ob d’Demokratin Kamala Harris oder de Republikaner Donald Trump fir déi nächst 4 Joer an den Oval Office zu Washington eraplënnert. Wichteg a laang ënnerschat ass dobäi d’Stëmm vun der Latino-Communautéit. Ëm déi hunn sech déi lescht Woche béid Säite beméit. Ma den Donald Trump schéngt do op d’mannst a Florida d’Nues virzehunn. Fir ze verstoe firwat, a mat wéi engen Erausfuerderungen d’Communautéit am Alldag confrontéiert ass , hunn d’Anne Wolff an de Ken Fitzke e kubanesch-amerikanesche Paschtouer am Sunshine-State begleet.
Sonndes Moies, ëm kuerz no 11 an der Primera Iglesia Bautista Hispana zu West Palm Beach: grad emol 6 Autominutte vum Trump senger Villa ewech, a schonn an enger anerer Welt . Hei ass d’Kierch voll, et gëtt enthusiastesch matgesongen, an d’Mass gëtt online gestreamt.
Dës Baptistekierch hei ass déi eelsten an der Stad, se steet hei zanter 1960. Iwwer 100 Leit kommen hei all Sonnden an d’Mass. D’Haaptuleies: De Message vu Christus verbreeden, an zesumme Freed u Gott hunn. Bis zu 10 verschidden Natiounen treffe sech hei, zum Beispill aus Nicaragua, Kuba,Venezuela. Déi eng si grad agewandert, anerer hei gebuer.
De Paschtouer Israel Cordoves leet d’Gemeinschaft, donieft ass hien och nach e Militärpaschtouer bei der Navy, a mécht de Spagat tëscht de Kulturen.
D’Kierch ass net nëmmen d’Sonndesmass, mee och Integratiounshëllef: “Heiansdo hëllefe mir hinnen, d’Konzept vum College, oder engem Kredit ze verstoen, esou zimmlech alles. Ech ginn heiansdo mat hinnen op de College, fir ze kucke, wéi si hier Studien aus hirem Heemechtsland kënnen unerkenne loossen. Mir ruffen och Beroder.”
Latinos schaffe vill, a verdénge wéineg
Als Paschtouer dee selwer aus Kuba kënnt, gesäit den Israel Cordoves, wéi schwiereg et si kann, an Amerika Fouss ze faassen: “D’Spuenesch Communautéit hei zu West Palm Beach schafft wierklech vill. Si hunn heiansdo zwee bis dräi Jobs. Am Verglach, déi wäiss Amerikaner, déi verdénge mat engem Job esou vill, fir dass e Latino dat zesumme kritt, brauch en zwee bis dräi Jobs. Déi meescht Leit schwätzen net driwwer, mee als Paschtouer gesinn ech dat.”
A Florida hu Latinos deen zweetniddregste Stonneloun vun allen ethnesche Gruppen. Dobäi kënnt eng ëmmer nach grouss Präisdeierecht, mat engem Rekordwäert vu bal 10 Prozent am Joer 2022. Eng rezent Ëmfro weist: Dat ass ee Grond, firwat aktuell méi wéi d’Hallschent hei a Florida net méi d’Demokraten, mee den Trump ënnerstëtzen.
Eng familiär Communautéit
Den Israel Cordoves ass och baussent de Massen am enke Kontakt mat de Gleewegen. Zwee Deeg méi spéit invitéiert hien eis, fir mat op eng vu senge Visitten ze goen. Dat ass niewent der eigentlecher Mass eng vu sengen Haaptaufgaben. Dobäi gëtt hie vun enger Paschtouer-Koppel aus Kuba ënnerstëtzt. De Rafael Mulet a seng Fra Damaris si selwer eréischt zanter engem Joer hei an den USA. Et geet bei d’Judith Ramudo. Si huet eng Operatioun hannert sech, an huet sech elo spirituelle Bäistand gewënscht.
“Déi Leit si Member an der Kierch, se sinn nach nei. De Rafael kennt si nach aus Kuba. Dofir ass et gutt, hie matzehuelen, fir d’Famill ze ënnerstëtzen”, erzielt den Israel Cordoves. Et géing drëms, Trouscht ze bréngen. Bei sou enger Visitt géif een dacks och zesumme chrëschtlech Lidder sangen, an de kubanesche Kaffi dierf och net feelen.

Deen Halt vun der Communautéit läit der Fra um Häerz: An engem frieme Land ouni Famill a wou een d’Sprooch net kann, wier et wichteg, op d’mannst eng spirituell Famill ze hunn. “Esou guer méi, wann et schwéier Zäite sinn. Du fills dech begleet an ënnerstëtzt, du bass net eleng”.
Inflatioun: entweder Liewesmëttel oder Bensinn
Dee familiären Zesummenhalt ass wichteg fir d’Communautéit. Dofir gëtt et an der Kierch ënnert anerem eng Kichen, wou reegelméisseg fir déi manner gutt opgestallte gekacht gëtt. Och Liewensmëttel ginn hei gesammelt. D’Präisdeierecht mécht de Leit Problemer, erkläert de Paschtouer: “Si packen et net mat de Präisser. Si kréien Hëllef vum Staat. Si hunn Iessensticketen, dat ass eppes wéi eng Kreditkaart. Et sinn ongeféier Zwee- bis 300 Dollar am Mount, just fir Liewesmëttel ze kafen. Ech kenne Familljen, déi sech tëscht Iessen a Bensinn entscheede mussen. Et ass schwiereg dat ze soen, well dat hei ass Amerika, ma et huet e bësse geännert. Et ass ëmmer nach e Land vun de Méiglechkeeten, dat wëll ech soen. D’Leit kënnen nach ëmmer Englesch léieren an hir Situatioun verbesseren. Mee West Palm Beach u sech ass schwiereg fir d’Latinos”.
Op d’Kichen ass de Paschtouer zimmlech houfreg, bis zu 245 Leit hätt een hei scho bekacht. Hire Kach, de Chef Thomé, wier fréier Chefkach bei Disney gewiescht. Elo wier de Chef Thomé al, ma trotzdeem wier en nach ëmmer ongeschloen.
Firwat wielen Awanderer den Trump?
Et wierkt paradox, dass grad an enger Gemeinschaft vun Awanderer, wou Nächsteléift grouss geschriwwe gëtt, den Trump esou gutt ukënnt. Och wann ee vu sengen Haaptwalkampfthemen d’Beleidege vu Migranten ass. Fir de Paschtouer Cordoves ass dat awer kee Widdersproch: “Mir wëllen, dass d’Land oppasst. Wat d’Leit aus eiser Communautéit soen, d’Latinos ass dat: Se wëllen net dass déi Leit, déi eis Heemechtslänner futti gemaach hunn, wéi z.B. Kuba - ech si Kubaner a sinn do gebuer - mir wëssen, dass verschidde Kommunisten elo op d’Grenz kommen, a vill Latinos aus Kuba si wierklech rosen doriwwer.”
Genee esou wichteg ass hei a Florida d’Fro vun der Ofdreiwung, de sougenannten “Amendment 4". Zanter Mee sinn hei a Florida nämlech Ofdreiwungen no der 6. Woch a bal all de Fäll verbueden. Kritiker soen, bis di 6. Woch wéissten d’Frae meeschtens net, dass se erwaarden. Domat wier hei a Florida d’ofdreiwe faktesch bal komplett verbueden. Elo sollen d’Floridianer iwwert de sougenannten “Amendment 4" ofstëmmen, deen d’Ofdreiwung nees däitlech méi liberal maache soll. Dem Trump seng Positioun am Walkampf zum Thema Ofdreiwung war guer net méi esou kloer, ma duerch seng konservativ Besetzung vum Ieweschte Geriichtshaff koum et iwwerhaapt dozou, dass d’Gesetzgebung iwwert d’Ofdreiwung nees déi reng Responsabilitéit vun de Bundesstaate gouf. D’Demokrate setze sech kloer fir e Recht op Ofdreiwung an.
Fir déi gleeweg Latinos wier en Avortement awer Mord, ënnersträicht de Paschtouer: “Si soen an dem Verglach: Den Trump ass wéi ee Gëft, an dat anert och. Mee mat him kënne mir op d’mannst géint d’Ofdreiwung kämpfen. Dat Uleies ass da geschützt. Mir wëlle keng weider Morden, mir wëllen net, dass Bëbeeën ëmbruecht ginn. Dat musse mir stoppen. Ech weess, dass dat net ophält, mee dat ass op d’mannst dat, wat d’Communautéit seet, si wëllen een, dee géint den Avortement ass”
Déi 3,3 Millioune potentiell Latino-Wieler maachen hei a Florida e Fënneftel vun der Wielerschaft aus. Domat huet hir Stëmm Gewiicht, bei der politesch Zukunft vum Sunshine State.
