
Och a Baden-Württemberg huet d‘AfD bei de Sondagen zougeluecht. Hei wäert et um Enn fir de Poste vum Ministerpresident awer eng Course Kapp u Kapp tëscht dem Kandidat vun der Grüne Cem Özdemir an deem vun der CDU Manuel Hagel ginn.
Kloer ass, dass d‘Ära vum Winfried Kretschmann op en Enn geet. De 77 Joer ale Politiker huet net méi kandidéiert. 15 Joer laang war hien de Regierungschef, an dat als Gréngen an engem Bundesland, wou awer grouss Deeler vun der Populatioun als guttbiergerlech Konservativer gëllen.
Et hat an de Sondagen och laang esou ausgesinn, wéi wann dat fir d‘Schwaben an d‘Badener elo duergoe géing mat de Gréngen als stäerkste Fraktioun, an déi Chrëschtlech-Sozial d‘Geschécker vu Stuttgart aus iwwerhuelen dierften. Ma den Cem Özdemir huet d‘Course mat senger Grüne awer nach eemol ganz spannend gemaach.
Der leschter Sonndesfro, déi d‘ARD publizéiert hat, no, léichen déi Gréng mat 27 Prozent vun de Stëmme just 1 Prozentpunkt hannert der CDU. D‘AfD huet hir Zoustëmmung par rapport zu Januar quasi verduebelt: 18 Prozent. D‘SPD ass op 7 Prozent ofgestierzt, knapps virun der liberaler FDP mat 6 Prozent. D‘Linke kënnt op 5,5 Prozent.
Well Baden-Württemberg mat Konzerner ewéi Daimler, Porsche a Bosch d’Häerz vun der däitscher Automobilindustrie ass, spillen déi strukturell Changementer an der Branche eng wichteg Roll fir d’Wielerinnen a Wieler. Nei ass bei dëse Walen och, dass wéinst enger Ännerung am Walrecht scho Jonker vu 16 a 17 Joer wiele kënne goen.