
Eegenen Aussoen no hat déi israeelesch Arméi Kommandante vun der Al-Kuds-Brigad vun den iranesche Revolutiounsgarde viséiert. Déi héichrangeg Membere vum sougenannte Libanon-Corps hätten Terrorattacken op Israel preparéiert, esou d’Land. Et gëtt vun enger “präziser Interventioun” geschwat.
Weider confirméiert d’israeelesch Arméi e puer Attacken op Pëtrolsreserven an der iranescher Haaptstad Teheran. D’Lager wäre vun den iraneschen Truppe fir Ravitaillement genotzt ginn. D’Noriichtenagence Associated Press (AP) hat Videoe verëffentlecht, wou ee Flamen iwwer engem Reservoir gesäit.
Op der anerer Säit gouf et och nees Attacken a Saudi-Arabien a Kuwait. Am Kuwait gouf e Kerosin-Tank um Internationale Fluchhafe vun enger Dron getraff.
D’Pompjeeën hunn d’Flame bekämpft an antëscht geläscht. D’Attack wier “een direkten Ugrëff op onverzichtbar Infrastruktur” gewiescht, huet et vun der kuwaitescher Arméi geheescht. Eng Dron wier och am Gebai vun der Sozialversécherung a Kuwait-City ageschloen.