
Griichenland wëll en Deel vu senge Scholden aus der Finanzkris vun 2010 virzäiteg u Länner an der Europäescher Unioun zréckbezuelen. D'Land wäert den nächste Mount Kreditter an Héicht vu 6,9 Milliounen Euro bedéngen, sot de Regierungsspriecher Pavlos Marinakis e Méindeg viru Journalisten.
Fir 2026 rechent Griichenland offiziellen Informatiounen no mat enger Staatsverscholdung vun 137 Prozent vum PIB. Mam fréizäitege Remboursement vun de Kreditter wäert d'Staatsverscholdung 2027 dann op ronn 130 Prozent vum PIB erofgoen.
Domat wäert Griichenland net méi laang op der éischter Plaz vun de Länner mat den héchste Scholde bannent der EU stoen. Amplaz wäert Italien dës Plaz anhuelen, heescht et vum Chef vun der griichescher Autoritéit fir d'Verwaltung vu Staatsscholden, den Dmitrios Tsakonas. Fir déi nächst Jore prognostizéiert den Tsakonas e Réckgang vun de Scholden op 113 bis 115 Prozent vum PIB, woumat d'Land "op déi véiert oder souguer fënnef Plaz ënner den am héchste verschëlte Länner rutsche wäert, hannert Frankräich, d'Belsch an Italien".
D'Euro-Partner hate Griichenland am Kader vun der Finanzkris 2010 mat Kreditter vun am Ganze bal 289 Milliarden Euro e puer Mol virun enger Faillite gerett. D'Scholden- a Finanzkris vu Griichenland hunn den Europgrupp deemools esou beschäftegt, datt esouguer iwwer en Ausschloss vun Athen aus der Wärungsunioun diskutéiert gouf.
No jorelaange Reformen an Aspuerunge registréiert d'Land antëscht nees e Plus am Budget an huet e méi héije Wirtschaftswuesstem wéi déi meescht aner EU-Länner. D'2026 soll déi griichesch Ekonomie Regierungsprognosen no ëm zwee Prozent wuessen.