
Gutt zwou Wochen no de Schëss bei engem Korrespondenten-Iesse mam Donald Trump huet de presuméierten Täter de Reproche vun engem Mordattentat op den US-President zréckgewisen. Den 31 Joer ale Cole A. huet US-Medien no e Méindeg virun engem Bundesbezierksgeriicht zu Washington op net schëlleg plädéiert. Dem Verdächtegen aus Kalifornien dreet eng liewenslaang Prisongsstrof.
De Mann soll de 25. Abrëll an engem Hotel zu Washington op e Sécherheetsbeamte geschoss hunn. Dem Procureur général no wollt de Cole A. an de Festsall eran, an deem den Trump, sëlleg Journalisten a weider US-Regierungsvertrieder zu der alljärlecher Gala vun der US-Haaptstadpress versammelt waren. Dëst konnten d'Sécherheetsbeamten awer no engem Schosswiessel verhënneren an de Cole A. festhuelen.
Den Trump a seng Fra Melania ware wärend dem Virfall vu Sécherheetsbeamten ofgeschiermt an a Sécherheet bruecht ginn. Och dem Vizepresident JD Vance an deenen anere Gäscht ass näischt geschitt. De Sécherheetsbeamten, op dee geschoss gi war, hat eng schosssécher West un.
D'US-Justiz huet dem Verdächtege versichte Mord um Donald Trump, Ugrëff op e Bundesbeamten a Verstouss géint Waffegesetzer virgeworf. Hie soll den 29. Juni op en Neits zu enger Auditioun viru Geriicht erschéngen.
Den Trump war an de leschten zwee Joer zwee Attentatsversich entkomm: Am Juli 2024 hat ee Mann wärend engem Walkampfevent am US-Bundesstaat Pennsylvania op hie geschoss. D'Kugel hat den deemolege Presidentschaftskandidat um Ouer gesträift. Am September 2024 wollt dann nach e Mann den Trump a Florida beim Golfspillen erschéissen. Och dëse gouf festgeholl an Ufank Februar zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.