
D'Bundespolizei Tréier huet an der Nuecht op d'leschte Samschdeg am Kader vu Grenzkontrollen op der däitscher A64 e 35 Joer alen afghanesche Staatsbierger festgeholl. De Mann souz an engem Reesbus, deen aus Lëtzebuerg an Däitschland gefuer ass.
D'Beamten haten am Kader vun enger Grenzkontroll d'Donnéeë vum Mann kontrolléiert. Dobäi huet sech erausgestallt, dass e Mandat d'arrêt vum Amtsgeriicht Hamburg géint de Mann virlouch. Hie gëtt dréngend verdächtegt, en anere Mann mat engem Klappmesser an den Hals gepickt ze hunn. Dobäi hätt hien d'Luftröre vum Mann nëmme knapps net geroden. Ausserdeem gëtt géint de Mann ermëttelt, well hie sech Poliziste widdersat huet.
De Mann koum virun den Untersuchungsriichter an duerno an Untersuchungshaft.