Welle bis zu 11 Meter héichHéichwaasser-Alarm op der Süd-Küst vu Neiséiland

RTL mat Reuters
Concernéiert vun der Warnung sinn déi neiséilännesch Haaptstad Wellington an d'Uertschafte ronderëm.
Héichwaasseralarm zu Wellington
D'Haaptstad vun Neiséiland huet aktuell mat staarkem Wand an héije Wellen ze kämpfen

Staark Wandstéiss combinéiert mat engem stiermesche Mier sinn dësen Dënschdeg op déi neiséilännesch Haaptstad Wellington getraff. Dëst huet dozou gefouert, datt d'Fären- a Fluchverbindungen annuléiert a Stroosse gespaart goufen. D'Autoritéiten hunn Honnerte vun Awunner, déi laanscht d'Küst liewen, opgefuerdert, déi betraffen Zonen ze verloossen.

E klenge Fliger, deen um Fluchhafe stoung, ass duerch d'Stäerkt vum Wand ëmgehäit ginn, esou e Spriecher vum Airport. Eng aacht Flich hunn da vu Wellington aus missten annuléiert ginn, wärend och d'Fären tëscht der Nord- an der Südinsel vun Neiséiland annuléiert goufen.

D'Autoritéiten hunn a verschiddenen Deeler vu Wellington och den Ausnamezoustand ausgeruff, nodeems de Wiederdéngscht gewarnt huet, datt d'Wellen laanscht d'Küst tëscht néngt an eelef Meter kéinten erreechen.

Back to Top
CIM LOGO