
Bei neie massiven ukraineschen Dronenattacken op déi annektéiert Hallefinsel Krim sinn, dem russesche Krim-Chef no, op d'mannst véier Persoune gestuerwen an 28 blesséiert ginn. An de soziale Medien geet Rieds vun Explosiounen a Bränn an direkt e puer Regiounen vun der Schwaarzmier-Hallefinsel. D'Autoritéiten hunn e Sonndeg an der Nuecht matgedeelt, datt eng Bréck, déi d'Krim mam russesche Festland verbënnt, fir den Autostrafic gespaart gouf. Och den Hafen op russesche Säit soll vun enger Attack getraff gi sinn.
D'Ukrain probéiert zanter Woch mat esou Attacken d'Krim vun der Energieversuergung ofzeschneiden. Et ginn dann och schonn Enkpäss beim Bensinn. Autosfuerer kréien es den Ablack kee fir privat Deplacementer.
Iwwerdeems mellt déi ukrainesch Säit dräi Doudeger bei russeschen Attacken op den Oste vum Land, dorënner eng Fra vu 70 Joer.
D'Beméiungen, fir de Krich ënnert der Leedung vun den USA ze stoppen kommen de Moment guer net vum Fleck. Béid Säiten hunn déi géigesäiteg Attacken an der lescht verschäerft.