
Ëmmer méi influenzéiert d'kënschtlech Intelligenz eisen Alldag. Dëst gëllt awer net just fir d'Recherche, ma och fir vun A op B ze kommen, mat Autoen ouni Chauffeur. An dat ass aktuell a Groussbritannien e grousse Sujet.
Soss huet een éischter sou Neiegkeete aus Amerika gelies, ma mëttlerweil kommen d'Diskussiounen iwwer Autoen déi eegestänneg fueren ëmmer méi no. Sou heescht et zu London, dass dës Gefierer ouni Chauffeur d'Leit souwuel staunen doen, ma awer och Angschtgefiller ervirruffen. Vu dass dëst elo eppes ganz Neies ass, wier den Zweifel virun dem Onbekannte grouss.
Nach virun net all ze laangem goufen et Headlines, dass dës Autoe gäre mol an Accidenter verwéckelt wieren, sief et wéinst de Kameraen a Sensoren, déi d'Foussgänger iwwersinn hunn oder wéinst engem Feeler un der Batterie.
Zanter 10 Joer gëtt dës Zort vu Fortbeweegungsmëttel elo well hei zu London getest, dat awer ouni Passagéier. Zwou Gesellschafte sinn den Ament am beschte representéiert op dësem Marché zu London : Waymo a Wayve. Waymo berout op engem Mechanismus, deen dat ganzt Ëmfeld vermoosst an da mat Hëllef vu GPS, Sensoren a Kamerae fiert. Wayve par contre baséiert sech op déi kënschtlech Intelligenz fir d'Verhale vun den aneren Automobilisten z'analyséieren. Vun de gesammelten Daten iwwert déi lescht 10 Joer, sicht dëst Gefier sech dann dee beschte Wee. Dat ganzt leeft iwwert en zentraliséierte Computer-System, deen am Auto bannendra ass.
Dëst stéisst awer och op ferm Kritik, zemools bei deenen traditionelle “Black Cab Drivers”, also deene schwaarzen Taxien, déi een iwwerall hei zu London gesäit. Si soen, dass dat mënschlecht, autonoomt Denken nach ëmmer gefuerdert ass, fir d’Leit sécher hin an hir ze féieren. Dëst zemools an enger Stad, wou terribel vill Trafick an awer och Cyclisten a Foussgänger sinn. Et ass awer och kloer, sou soen et d’Black Cab Drivers, dass fir si d'Konkurrenz vun dëse “Self-driving cars” manner grouss wier, ewéi fir Bolt a Lyft zum Beispill. D’Firma Wayve plangt allerdéngs mat Uber zesummen ze schaffen.
Et ginn awer och positiv Echoe, zemools vu Jonken an der brittescher Haaptstad, déi et deemno wéi méi agreabel a sécher fannen, mat engem Auto ouni Chauffeur owes heemzekommen, wéi an engem traditionellen Taxi oder Uber.
Entretemps sinn d’Wayve- a Waymo-Autoen natierlech och méi performant ginn an de Léierprozess geet ëmmer weider. Enn vum Joer soll da schonn mat dëser Alternativ fir d’Clienten ze rechne sinn.