
Domat wëll d'Stad géint de Massentourismus virgoen. D'Entrée-Tax fir an d'Stad eranzekommen, gouf 2024 agefouert a gëllt fir Leit, déi net zu Venedeg iwwernuechten. De Moment bezilt een 10 Euro – oder 5 Euro, wann een op d'mannst dräi Deeg am Viraus bucht. Dëst Joer gëtt d'Tax tëscht Abrëll an Enn Juli op insgesamt 60 Deeg applizéiert.
Vill Kritiker soen awer, datt déi aktuell Präisser net vill géint déi grouss Touristemasse bréngen. D'Zuele schéngen dat ze confirméieren. Déi éischt 42 Deeg mat Entrée-Tax goufen iwwer 268.000 Tickete fir 10 Euro verkaaft. Ronn 245.000 Leit haten am Viraus gebucht a just 5 Euro bezuelt. De Buergermeeschter Venturini ass der Meenung, datt eng méi héich Tax méi Wierkung hätt. Besonnesch op Deeg, wou extrem vill Dagestouristen an d'Stad kommen, kéint den Entrée däitlech méi deier ginn.
Ganz esou einfach ass dat awer net. Well déi maximal Héicht vun der Tax duerch en italieenescht Gesetz gereegelt ass, muss d'Stad elo mat der Regierung zu Roum negociéieren. Kritik gëtt et och schonn. De fréiere Buergermeeschter vu Venedeg schwätzt vun enger "Barbarei" a warnt, datt d'Stad esou zu engem Musée fir räich Touriste géif ginn. Aner Juriste mengen, datt eng 50 Euro-Entrée esouguer als Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet interpretéiert kéint ginn.
Venedeg gëllt als déi italieenesch Stad, déi am stäerkste vum Massentourismus betraff ass. Enger rezenter Etüd no geet et dobäi net méi just ëm d'Erfarung vun de Visiteuren, mee ëmmer méi och ëm d'Liewensqualitéit vun den Awunner.