Et goufen eng ganz Partie kloer Programmpunkten op der offizieller Visitt vum Xavier Bettel a Lex Delles am Vietnam. D’Haaptsujete waren déi ekonomesch Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an dem Vietnam, wéi och d’Ënnerstëtzung beim Kampf géint d’Ëmweltverschmotzung.
Dräi Deeg verbrénge mir mat der ganzer Delegatioun am Vietnam an an där Zäit geet et vun engem Programmpunkt zum nächsten. Schonn um Wee fir aus dem Fliger eraus um Fluchhafe vun Hanoi huet de Premier Xavier Bettel déi éischt Hänn gerëselt. An et waren déi éischt vu villen. Mat Eskort a ronn 15 Gefierer geet et direkt an den Hotel. Et war just Zäit fir eng kuerz Dusch an e Kleederwiessel an et geet lass a Richtung Ha Long Bay.
Mam Schëff geet et raus op d’Mier. Eigentlech soll hei iwwert den Impakt vum Klimawandel op d’Unesco-Kulturierwe geschwat ginn. Also eppes krute mer confirméiert “En Impakt ass do”. Wéi een Impakt et ass a wéi sech d’Situatioun an der Ha Long Bay weider entwéckelt, gëtt awer net ernimmt. Allgemeng weist ee sech awer ganz impressionéiert vun der natierlech entstanener Touristenattraktioun.
E klenge Sprong op Ho Chi Minh. Um Freideg de Moien ass en Deel vun der Delegatioun zesumme mam Premierminister mam Boot um Flooss vu Saigon ënnerwee. Hei ass Ëmweltverschmotzung a -schutz dann och wierklech en Thema. Den Touristeguide Kha Nguyen erzielt eis, dass besonnesch déi kleng Fabricken zum Groussdeel Schold un der Verschmotzung vum Flooss sinn, gréisser a bekannte Fabricke géife sech do méi engagéieren, sou ëmweltneutral wéi méiglech ze sinn. En Deel vun der Verschmotzung gesäit ee mat bloussem A. De Flooss ass voll mat Plastiksfläschen, Tuten, Verpackungen a villes méi. Kleng Informatioun um Rand: Mir kruten um Boot Waasser ugebueden – aus Plastiksfläschen natierlech an och den Uebstteller war iwwerdeckt mat Plastik.
De Guide, deen zu Ho Chi Minh gebuer an opgewuess ass, huet eis awer erzielt, dass dat vill mat der Pandemie ze dinn huet. Et hätt een déi 3 bis 4 Joer virun der Pandemie vill manner Plastik konsuméiert am Sënn vu manner Plastiksfläschen, manner Plastiksbecheren, manner Plastikstuten. Duerch d’Pandemie an dem Versuch, kierperleche Kontakt esou vill wéi méiglech ze vermeiden, hätt ee rëm op Produiten zeréckgegraff, déi ee just eemol benotzt, fir Ustiechungen ze vermeiden. A bis ewell huet een de richtege Wee vum “Plastik-fräi” nach net rëmfonnt. “Ech hoffen awer, dass mir an engem Joer esou lues rëm souwäit sinn”, zielt den Eenheemeschen.
Eng Visioun, déi éischter onrealistesch wierkt, wann een en Tour duerch d’Stroosse vun Hanoi oder Ho Chi Minh mécht. Egal wou een hikuckt, iwwerall Plastik. D’Leit kafen Iessen an der Strooss, ma hei gëtt souguer eng waarm Moolzecht an der Plastikstut zerwéiert. Ënnerwee maache mir kuerz Stopp, fir eppes ze drénken. Mir soen dem Här, dass mir op der Plaz konsuméieren an awer: Souwuel de Kaffi wéi och den Ice Tea ass am Plastiksbecher, mat Plastiksdeckel an natierlech net ze vergiessen dem Plastiksstréihhalem.
Et schéngt also éischter sou, wéi wann et nach e wäite Wee wier, bis de Plastik aus de Flëss a Stroosse vum Vietnam verschwënnt.
An net nëmmen de Plastik, mee den Dréck allgemeng. Op eiser Visitt hu mir ëmmer rëm Momenter erlieft, déi ee liicht iwwerraschen, wann ee vu Lëtzebuerg kënnt. Am Temple de Litérature kréie mir Lingetten ugebueden, fir eis d’Hänn ze wäschen. Wouhin domat, wann ee fäerdeg ass? Ma einfach op d’Strooss geheien. Esou op alle Fall d’Léisung vun de Vietnamesen, déi eis op der Visitt begleet hunn.

Wéi eng Lëtzebuergesch Journalistin een Eenheemesche freet, wou hei en Äschebecher oder eng Poubelle wier fir hiren Zigarettestomp, mécht hien een einfache Geste: einfach op de Buedem schmäissen. Allgemeng kann een och soen, dass souwuel zu Hanoi wéi och zu Ho Chi Minh quasi néierens Poubellë sinn. Wëll ee seng Plastiksfläsch da wéinstens an déi normal schwaarz Poubelle geheien, muss een domat rechnen d’Fläsch op d’mannst eng gutt Hallef Stonn an der Hand ze halen.
Zu Lëtzebuerg reege mir eis dacks driwwer op, dass ee permanent am Stau steet an d’Stroossen zemools zu Spëtzenzäiten iwwerlaf sinn. Am Vietnam géif een eis fir esou e Kommentar auslaachen. Wien hei eng Sekonn net op d’Strooss kuckt, dee verursaacht eng Massekarambolage mat op d’mannst 20 Gefierer. Déi asiatesch Länner si jo bekannt dofir, dass de Scooter hei méi beléift ass, wéi den Auto. Ma genee dat krute mir an de Stroosse vun Hanoi an Ho Chi Minh esou ze gesinn. Naja, et muss ee soen, wann ee mat Blo Luucht eskortéiert gëtt an all eenzel Kräizung gespaart ass, well de Lëtzebuerger Premier vum Hotel op den nächste Maart gefouert gëtt, deen ze Fouss knapp 10 Minutte wäit ewech ass, dann ass net vill Trafic. An och de Xavier Bettel huet driwwer geschmunzelt an ëmmer rëm mat engem ironeschem Ënnertoun gesot: “Also vum Trafic hunn ech hei nach näischt gesinn.”
D’Realitéit erlieft een dann, wann een ouni déi offiziell Delegatioun ënnerwee ass. Do muss ee schonn e bësse Courage hunn, fir iwwert d’Strooss ze goen. An dat souguer wann een en Zebrasträifen notzt, dee mat roude Luuchte geréiert gëtt. D’Luuchte schéngen hei nämlech éischter en Deel vun der Dekoratioun ze sinn. Wëll een dann iwwert d’Strooss, heescht et “Wien zéckt, verléiert”. Schonn um éischten Dag erkläert eis en Eenheemeschen: “Et gëtt eigentlech just eng Reegel: Net stoebleiwen! D’Scooteren an d’Autoen adaptéieren sech un iech. Gidd einfach riicht duerch weider. Si fuere ronderëm. Sie rechnen domat, dass dir viru gitt. Wann ee stoe bleift oder zéckt, kënnt et éischter zu engem Zesummestouss, wéi wann een iwwert d’Strooss trëppelt an déi 20 bis 50 Scooteren ignoréiert, déi grad zesummen op een duerfueren.”

Natierlech hu mäi Kameramann an ech dat missen testen. Et huet schonn e bëssen Iwwerwannung kascht. Zu Hanoi siche mir eis dann eng gutt befuere Strooss. Prett a lass. Einfach riicht duerch, net stoebleiwen. An tatsächlech all d’Scooteren evitéieren eis. Si fueren heiansdo just e puer Zentimeter laanscht eis, passen awer op a mir sinn zu kengem Moment a Gefor. Op alle Fall eng Erfarung wäert. Zu Lëtzebuerg ass et jo éischter de Contraire. Trotz Zebrasträifen huele sech vill Autosfuerer d’Virfaart. Als vulnerabele Foussgänger huet een dann ze waarden.
Bleiwe mer bei der Mobilitéit. Busser gesäit een hei an de Stied éischter seelen, ofgesi vun den Hop on&Hop off-Busse fir d’Touristen. Jiddereen ass mam Scooter oder Auto ënnerwee. Wéinstens de Covoiturage schéngt hei beléift ze sinn. Op engem Scooter setzen nämlech dacks net nëmmen eng mee direkt dräi Persounen. An der Stad Ho Chi Minh, mam fréieren Numm Saigon, liewe ronn 9 Millioune Leit (2022). Méi wéi 8 Millioune Scooteren a Motorrieder sollen et dann hei an der Groussstad ginn. Hanoi City huet knapp iwwer 8 Milliounen Awunner (2019), d’Zuel vun de Scooteren a Motorrieder gëtt hei op 5 Millioune geschat. Dat läit drun, dass Scooteren am Akaf däitlech méi bëlleg si wéi Autoen an e groussen Deel vun der Populatioun sech en Auto net leeschte kënnen. Ma de Scooter ass an der Stad awer och vill méi praktesch, zemools wann een esou fiert wéi déi Eenheemesch. Op eng Spuer, wann d’Spueren dann agezeechent sinn, passen nämlech 6 bis 7 Mol méi Scootere wéi een eenzelen Auto. A vue, dass d’Sécherheetsdistanz tëscht de Gefierer hei net wierklech en Thema ass, ass ee mam Scooter däitlech méi flénk a flexibel wéi mat engem Auto.
Den ëffentlechen Transport wier net immens beléift erzielt een eis beim Vietnameseschen Autosproduzent VinFast. “D’Busser an Zich sinn dacks immens dreckeg an net gutt ënnerhalen.” An awer huet de Produzent, deen nëmmen nach Elektromobilitéit entwéckelt a produzéiert, sech dofir entscheet och en Elektrobus op de Maart ze bréngen. “Mir ënnerhalen déi Busser an hale se propper. Mir gesinn, dass d’Leit doduerch scho méi op Busser zeréckgräifen”, kréie mir bei VinFast erzielt. Ma och e puer Elektroscootere gehéieren zu der Linn vum Automobil-Produzent. De bëllegste Scooter kascht 1.000 Dollar. Dat kéinten déi meescht Awunner sech awer leeschten. Mëttlerweil verkeeft VinFast déi meescht E-Scooteren am Vietnam.
“Ma schonn eleng, wann d’Hallschent vun de Leit am Verkéier sech en E-Scooter zouleet, huet dat e groussen Afloss op d’Loftqualitéit an de Groussstied”, sou de Xavier Bettel. “De Verkéier ass nämlech ee vun de gréisste Grënn fir d’Pollutioun hei am Vietnam.”
Allgemeng wier den Ëmweltschutz eng Saach, wou de Vietnam nach vill léiere muss, erzielen eis direkt eng Partie Leit op eiser Visitt. “D’Vietnamese wëssen et net besser, zemools déi, déi um Land liewen a quasi guer keng Schoul gemaach hunn. Mee och an der Schoul ass de Klimawandel an den Ëmweltschutz net wierklech en Thema”, erzielt den Touristeguide Kha Nguyen. “Et muss ee mol ufänken an de Schoulen driwwer ze schwätzen an ze sensibiliséieren an dofir brauche mir Leit, déi opklären.” Genee dofir wiere staatlech Visitte vu méi fortschrëttleche Länner immens wichteg. “Mir brauche Leit, déi eis erklären, wat a besonnesch wéi mir et besser maache kënnen”, sou de Kha Nguyen.

Ma genee dat wëll Lëtzebuerg maachen. De Premier Xavier Bettel huet dem Vietnam 5 Milliounen Euro vum City Climate Finance Gap Fund versprach, eleng fir d’Stad Ho Chi Minh beim Ëmweltschutz ze ënnerstëtzen.
Wat déi Suen dann elo bewierken, wäert een am Laf vun den nächste Jore gesinn.