Presidentiellen 2027Jean-Luc Mélenchon lancéiert um Sonndeg seng Walcampagne

RTL Lëtzebuerg
Am franséische Saint-Denis lancéiert de Jean-Luc Mélenchon e Sonndeg seng Campagne fir d'Presidentiellen dat anert Joer.
Jean-Luc Mélenchon
© MIGUEL MEDINA/AFP

Bei der Presentatioun vun der Walcampagne fir d'Presidentiellen 2027 vum Jean-Luc Mélenchon gi sech eng 10.000 Spectateuren erwaart. Hien ass Spëtzekandidat vun der lénkspopulistescher Partei La France Insoumise, déi hie viru ronn 10 Joer gegrënnt huet.

Domat trëtt hien ënnert anerem géint de Bruno Retailleau vun de Républicains, de Gabriel Attal vu Renaissance oder eventuell och d'Marine Le Pen vum Rassemblement national un. Woubäi d'Marine Le Pen nach d'Urteel am Appellsprozess uganks Juli muss ofwaarden. An éischter Instanz war si zu fënnef Joer verurteelt ginn, an deene si kee politescht Mandat dierf hunn.

Back to Top
CIM LOGO