
D’Julie Jacobs huet 27 Joer a wunnt zanter Kuerzem bei hirer Famill. Déi jonk Lëtzebuergerin huet och déi islännesch Nationalitéit.
Sie wunnen an der Géigend vu Reykjavik, schonn an de leschte Wochen hätt de Buedem ënnert de Féiss ëmmer nees gewackelt. Iwwert d’Medie géif ee gutt iwwert alles informéiert ginn an och d’Prognosen, déi gemaach géife ginn, wiere ganz präzis.
“Wéi héich, wéi déif d’Magma grad steet, gi mer permanent gewuer. Et ass relativ genau do ausgetrueden, wéi d’Prognose virausgesot hunn.”

Et wier normal, dass d’Äerdbiewen an engem gréissere Radius ze spiere waren, esou de Lëtzebuerger Vulkanolog Romain Meyer. Vill Experte sinn u sech dovun ausgaangen, dass et méi séier géif goen. Grindavik war viru Wochen evakuéiert ginn.
“Et ass elo eng zimmlech laang Spléck, wou elo Lava späizt, dat weist schonn, dass et ee grousse System ass, wou Magma am Ënnergrond sech beweegt.”
D’Vulkaner si fir Island e Fluch an e Seegen. Bis op de Verkéier ass Island duerch d’Geothermie klimaneutral. Ma ëmmer nees kënnt et um Inselstaat zu Ausbréch, déi mol méi, mol manner Impakt hunn. Am Interview sot d’Julie Jacobs, dass et en islännescht Spréchwuert gëtt: “Þetta reddast”.
“Alles gëtt gutt”, no deem Motto géife vill Islänner liewen. Et wier een och ëmmer drop virbereet, dass et zu esou Ausbréch kënnt. Hei wier et eben elo méi problematesch, well et no un enger Uertschaft ass.
“D’Leit kréie vill Hëllef. Ma natierlech ass et grad elo viru Chrëschtdag zimmlech traureg, dass déi Leit net kënnen Doheem feieren an ëm hir Haiser bieden, dass se net ënnert dem Magma verschwannen. Ma wéi et ausgesäit, fléisst d’Magma den Ament net Richtung Süden, also Richtung Grindavik.”
Et wier ee grousse magmatesche System, deen nach aktiv wier, esou de Romain Meyer. Et kéint een nëmme schwéier soen, wéi et elo viru geet: “Fir Grindavik ass et den Ament ee ganz positive Verlaf, well d’Eruptioune sech virun allem elo am nërdleche Beräich vun der Fissure fokusséieren an déi gesamt sougenannte Spalteruptioun fänkt u sech an individuell Zentren ze zersplitteren. An och déi gréisser Lavaflëss beweege sech Richtung Osten a sollten domat och keng gréisserer Infrastrukture vernichten.”
Vill Touriste wëllen esou een Naturschauspill mat eegenen Ae gesinn. Et wier impressionnant ze gesinn, wei mächteg d’Natur ka sinn, esou d’Julie Jacobs. Dës Fotoen huet déi jonk Fra 2021 gemaach. “Bis nobäi goen, ass een Erliefnis, wat een esou net dacks kann hunn.” An de leschten 3 Joer wieren 4 Vulkaner ausgebrach, esou déi jonk Fra.
Dat, wat d’Julie Jacobs erlieft huet, ass fir den Expert éischter eng reng perséinlech Aschätzung vun enger mënschlecher Liewensdauer. Vulkanesch Aktivitéite misst een a geologeschen Zäitraim gesinn. An do kéint ee keng verstäerkten Aktivitéit feststellen. Weder an der Gréisst nach an der Heefegkeet. An och de Vulkanolog erkläert, wisou d’Vulkaner fir Island Fluch a Seege sinn:
“Keim et net zu vulkanescher Aktivitéit op Island, géif d’Insel erodéiert ginn an domat vun de Wiederkonditiounen a vum Mier ofgedroe ginn. De Vulkanismus ass also hei een Erneierungsprozess.”