Russland-Ukrain-KonfliktKiew a Moskau confirméiere Wafferou

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Wafferou wärend de Gedenkfeierlechkeete ronderëm d'Enn vum Zweete Weltkrich kënnt et och zu engem Austausch vun 1.000 Prisonéier tëscht béide Länner.
Déi russesch Haaptstad virun de Feierlechkeete vum 9. Mee
Déi russesch Haaptstad virun de Feierlechkeete vum 9. Mee
© NATALIA KOLESNIKOVA/Anadolu via AFP

Den US-President Donald Trump huet an der Ukrain eng Wafferou vun dräi Deeg annoncéiert. E Samschdeg, e Sonndeg an e Méindeg soll net an der Ukrain gekämpft ginn, huet den US-President op de Soziale Medien annoncéiert. Den US-Staats a Regierungschef verweist an dësem Zesummenhang op d'Feierlechkeete fir d'Enn vum zweete Weltkrich, déi e Samschdeg a béide Länner stattfannen.

Am Kader vun der Wafferou géif et och zu engem Austausch vun 1.000 Prisonéier vu béide Länner kommen.

Wéi den Donald Trump schreift, géif et op seng eegen Demande hin, zu dëser Waffepaus vun dräi Deeg kommen. Hie wier de Staatscheffe vu béide Länner dankbar, dass si op seng Demande agaange wieren a géing hoffen, dass et den Ufank vum Enn vum Konflikt wier.

Kuerz dono huet de Wolodymyr Selenskyj per Dekret ordonnéiert, datt säi Land déi geplangte Parad zu Moskau net géing ugräifen. Fir d'Durée vun de Festivitéite wier d'Rout Plaz an der russescher Haaptstad keen Zil vun der ukrainescher Arméi, esou den ukrainesche President. Gläichzäiteg huet hien den Austausch vun de Gefaangene confirméiert, déi him méi wichteg wiere wéi d'Rout Plaz zu Moskau.

Och vu russescher Säit sinn d'Wafferou an den Austausch bestätegt ginn. De Kreml huet dem Donald Trump säi Virschlag begréisst a seet, et wier "wichteg", datt dëse mat hirem "hellege" Feierdag géing zesummefalen. Anescht wéi an de Jore virdru sollen déi Kéier awer keng Panzeren oder soss schwéiert Krichsmaterial opfueren. D'Zuel vun auslännesche Gäscht wier méi geréng wéi soss an et wieren Internetspäre verhaange ginn, heescht et aus der russescher Haaptstad.

De russesche Verdeedegungsministère hat mat Revanche gedreet, sollt Kiew hir Gedenkzeremonie stéieren oder souguer ugräifen. Moskau hat an deem Kontext Mataarbechter vun auslänneschen Ambassaden zu Kiew geroden, d'Stad ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO