Rheinland-PfalzBankiwwerfall mat Geiselnam zu Sinzig

RTL Lëtzebuerg
Géint 9 Auer wier am Zentrum vun der Stad d'Filial vun der Volksbank iwwerfall an dobäi op d'mannst eng Geisel geholl gi sinn. Sinzig läit eng 170 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech.
D'Bannestad vu Sinzig ass ofgespaart, et ass vill Police am Asaz
D'Bannestad vu Sinzig ass ofgespaart, et ass vill Police am Asaz
© THOMAS FREY/AFP

E Freideg de Moie géint 9 Auer ass d'Police vu Sinzig iwwert eng Geiselnam an der Filial vun der Volksbank informéiert ginn. An deem Beräich vun der Stad, déi am Landkrees Ahrweiler läit, géifen ëmfangräich Moossname lafen, melle lokal Medien. D'Police wier mat vill Personal am Asaz.

D'Bannestad vu Sinzig ass komplett ofgespaart
D'Bannestad vu Sinzig ass komplett ofgespaart
© SASCHA DITSCHER/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi d'Autoritéite matdeelen, géife si vu méi wéi engem Täter ausgoen. Bei der Geisel géif et sech ëm de Chauffer vun engem Geldtransporter handelen. Aktuell wier d'Lag statesch an den Zentrum vun der Stad gespaart. Iwwert der Stad kreest en Helikopter vun der Police. Net confirméiert sinn Aussoen, dass e puer vun den Täter op der Flucht wieren.

Eng Employée vun der Bank hätt ausgesot, een Täter hätt e Mataarbechter vun enger Geldtransportfirma als Geisel geholl a wier mat deem an d'Bank gaangen. Allebéid géife sech am Raum vum Tresor ophalen.

Weider Detailer sinn nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO