Ausbroch vum HantavirusWHO gesäit de Risiko fir d'Ëffentlechkeet als ganz niddreg

RTL mat AFP
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet e Freideg matgedeelt, datt de Risiko fir d'Ëffentlechkeet no engem Ausbroch vum déidlechen Hantavirus op engem Croisièreschëff minimal ass.
© Luxembourg Air Rescue

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet e Freideg annoncéiert, dass de Risiko fir d'Allgemengheet bei engem Ausbroch vun enger déidlecher Hantavirus-Stamm op um hollännesche Croisièresschëff "MV Hondius" minimal ass. Dëst ass well de Virus nëmmen duerch ganz enken Kontakt iwwerdroe gëtt.

De WHO-Spriecher Christian Lindmeier sot op enger Pressekonferenz zu Genf, et wier e geféierleche Virus, mä just fir déi Persoun, déi wierklech infizéiert ass. Fir d'Allgemengheet bleift de Risiko senger Ausso no ganz niddreg.

Hien huet dobäi drop higewisen, datt a verschiddene Fäll net emol Leit, déi an der selwechter Kabinn um betraffene Croisièresschëff ënnerbruecht waren, allebéid bis ewell déi bekannt Symptomer gewisen hunn.

Back to Top
CIM LOGO