Keir Starmer ënner DrockDäitlech Verloschter fir Labour bei de Kommunalwalen an England

RTL mat AFP
Éischten Héichrechnunge no huet d'Labour-Partei vum brittesche Premier Keir Starmer bei de Kommunalwalen an England däitlech Verloschter missen astiechen, wärend déi riets Reform UK vum Nigel Farage staark u Stëmmen a Sëtzer gewonnen huet.
De Keir Starmer a seng Fra Victoria, nodeems si um Donneschdeg hir Stëmmen ofginn hunn.
De Keir Starmer a seng Fra Victoria, nodeems si um Donneschdeg hir Stëmmen ofginn hunn.
© THOMAS KRYCH/Anadolu via AFP

D'Labour-Partei vum brittesche Premier Keir Starmer huet bei de Kommunalwalen an England däitlech Verloschter ze verzeechnen. Déi riets Partei Reform UK vum Nigel Farage huet dogéint bedeitenden Zouwuess registréiert.

Éischten Héichrechnungen no huet Reform UK bis de Freidegmoien iwwer 350 Sëtzer gewonnen, wärend Labour a 40 vu bis elo 136 Gemengen iwwer 240 Sëtzer verluer huet. Déi grouss Masse vun de Resultater vun de Kommunalwalen an England an och vun de Regionalwalen a Schottland a Wales ginn am Laf vum Freideg erwaart.

Déi bedeitend Verloschter kéinten d'Demande no engem Récktrëtt vum Starmer nach verstäerken. De brittesche Premier, dee politesch schonn ënner Drock steet, huet e Freideg gesot, hien iwwerhëlt d'Verantwortung fir déi "ganz haart" Resultater.

De Starmer bleift awer decidéiert, de versprachenen Ëmschwong ze bréngen. Zanter längerer Zäit geléngt et him net, d'Wirtschaft unzedreiwen oder d'Liewensmëttelpräisser ze stabiliséieren.

D'Epstein-Affär ronderëm de laangjärege Labour-Politiker Peter Mandelson setzt dem Premier zousätzlech zou. De Starmer hat de Mandelson trotz senge Connectioune mam verstuerwenen US-Sexualstroftäter Jeffrey Epstein als Ambassadeur op Washington nominéiert.

Back to Top
CIM LOGO