NordkoreaKim Jong Un ënnersträicht Ënnerstëtzung fir den "hellege" Krich vu Russland an der Ukrain

AFP, iwwersat vun RTL
Nordkorea wëll a wäert och weider Russland beim Krich an der Ukrain ënnerstëtzen.
Den Nordkoreanesche Staatschef Kim Jong un an de russesche Parlamentspresident Wjatscheslaw Wodonin bei enger Receptioun zu Pjöngjang.
Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un an de russesche Parlamentspresident Wjatscheslaw Wodonin bei enger Receptioun zu Pjöngjang.
© AFP PHOTO/KCNA VIA KNS

Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un huet d'Ënnerstëtzung vu Pjöngjang fir den "hellege" Krich vu Russland an der Ukrain eng weider Kéier ënnerstrach. Nordkorea "wäert wéi ëmmer d'Politik vun der Russescher Federatioun zu der Defense vun der nationaler Souveränitéit, der territorialer Integritéit an de Sécherheetsinteressie voll a ganz ënnerstëtzen", esou de Kim e Sonndeg bei enger Visitt vum russesche Verdeedegungsminister Andrej Belousow an Nordkorea.

De Kim huet der staatlecher Noriichtenagence KCNA no weider gesot, datt hien "d'Iwwerzeegung hätt, datt déi russesch Arméi an dat russescht Vollek eng Victoire an engem gerechten, hellege Krich wäerten erreechen". Den nordkoreanesche Staatschef huet weider déi gutt Resultater bei der "Befreiung vu Kursk" ervirgeruff.

Pjöngjang ass ee vun de wichtegste Supporter vu Moskau am Krich an der Ukrain. Esou huet Nordkorea ënner anerem an de leschte Joren dausende vun Zaldoten un d'Front an der Ukrain geschéckt. Am Géigenzuch kritt Nordkorea Analysten no Militärtechnologie, Finanzhëllefen, Energieliwwerungen an och Liewensmëttel aus Russland.

An de leschten Deeg hate méi héichrangeg russesch Vertrieder Nordkorea besicht. No engem Meeting tëscht dem Kim an dem Belousow e Sonndeg hu béid Säiten erkläert, hir Delegatiounen hätten iwwer eng Verdéiwung vun de militäresche Bezéiunge geschwat. De russesche Verdeedegungsminister sot dann, Moskau wier bereet, e Kooperatiounsplang fir den Zäitraum 2027 bis 2031 ze ënnerschreiwen. Weider haten de Belousow an de Kim zesumme mam russesche Parlamentspresident Wjatscheslaw Wodonin un enger Zeremonie fir d'Ouverture vun engem Gedenkkomplex deelgeholl, op deem nordkoreanesch Zaldote geéiert goufen, déi an der Ukrain gefall waren.

De russesche President Wladimir Putin huet an engem Bréif un de Kim, dee vun KCNA publizéiert gouf, den "ausseruerdentleche Courage" vun den nordkoreaneschen Truppe gewierdegt. A Südkorea schätzt een, datt ronn 2.000 Nordkoreaner an der Ukrain gefall sinn.

Ufank Januar hat sech de Kim an engem vun der offizieller nordkoreanescher Noriichtenagence KCNA publizéiertem Bréif verflicht, all politesch Mesuren an Decisioune vum Putin "ouni Konditiounen" ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO